De Stater Maart gëtt déi Zäit da bei d’Gëlle Fra verluecht. Dat huet d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer op enger Pressekonferenz vum blo-schwaarze Schäfferot matgedeelt.
Eng weider Neiegkeet: Gemengerotssëtzunge vun der Stad Lëtzebuerg gi vum 3. Mäerz un och op franséisch iwwersat. Esou den éischte Schäffe Maurice Bauer (CSV).
Iwwerdeems war et d’Annonce, datt de Parking Martyrs vum 17. Mäerz un erëm soll 24/24 a 7/7 op hunn.