Direkt am Ufank vum Buergermeeschter Marc Lies sengem Email, deen u seng CSV-Parteikollegen zu Hesper adresséiert war an deen eis virläit, steet:
"De 14. Mäerz rabbelt et am Gemengerot, an da kritt dat Kallef vun De Ron an säin Alcolit Godefroid den Dix geriicht."
"Ech sinn schockéiert driwwer, wéi de Buergermeeschter vun Hesper Marc Lies iwwert mech schwätzt. Dat ass en No-Go", seet de Stephen de Ron vun den Hesper Gréngen. Hie fuerdert fir d'éischt emol eng ëffentlech Entschëllegung vum Marc Lies a fir de Recht "fanne mir da mat der Zäit eraus, wat dat da konkret heescht".
Och den LSAP Oppositiouns-Conseiller Mathis Godefroid seet, an där Email wieren "Insulten an Diffamatiounen" dobäi a si géife sech d'Recht virbehale juristesch Schrëtter ze goen.
Hesper Buergermeeschter léist Kritik net gëllen, entschëllgt sech awer fir d'Wuertwiel
Hannergrond ass de Sträit zu Hesper tëschent Oppositioun a Schäfferot an der Affär ëm e fréiere Gemengebeamten, dee virgeheit krut, seng Schaffzäite manipuléiert ze hunn. No enger disziplinarescher Prozedur gouf dee Betraffenen an d'Pré-Retraite geschéckt. D'Oppositioun huet dem Schäfferot an dem Kontext ënner anerem Intransparenz viirgehäit.
Déi Kritik léist den Hesper CSV-Buergermeeschter net gëllen, mee hie bedauert den Toun vu senger Email.
"Ech hunn do een Terme benotzt, deen ech ëffentlech net benotzt hätt. Iwwer dee Wording, dat deet mir Leed, géif ech an der Ëffentlechkeet net maachen, ech war emotional opgelueden."
Marc Lies: "Ech sinn hei d'Affer"
Dat och, well hie wéinst Burn-Out eng Paus vun zwee Méint als Buergermeeschter gemaach hat. Hien hätt déi Paus vun den zwee Oppositiounspolitiker Mathis Godefroid a Stephen de Ron net "gewäert kritt", seet de Marc Lies.
"Hei soll een oppasse wien Täter a wien Affer ass. Ech ziele mech hei net zum Täter. Ech sinn d'Affer vun där ganzer Saach an där ganzer Zäit, wou ech gär Rou gehat hätt. An déi Hären déi hu mir déi effektiv net gestatt."
Dem Marc Lies seng Partei d'CSV stellt sech hannert hien. Et géif ee begréissen, datt de Marc Lies sot, d'Aart a Weis, wéi hie sech an der Email ausgedréckt huet, géif him Leed doen, sot eis den CSV-Co-Generalsekretär Alex Donnersbach.
De Marc Lies schwätzt vun Onwouerechten a Ligen
Prinzipiell bleift de Marc Lies awer bei senger Kritik un der Oppositioun. D'Gemeng hätt um prozeduralen a juristesche Plang alles richteg gemaach, mee d'Oppositioun géif déi Affär instrumentaliséieren, sou nach de Buergermeeschter.
"Dat hei ass Mobbing op allerhéchstem Niveau, géint eng ganz Verwaltung, géint säi Buergermeeschter. Déi Häre vun der Oppositioun ginn Onwouerechten verzielen an ech soen hei ëffentlech Ligen."