D'Direktesch vun der Jugend- an Drogenhëllef, d'Ute Heinz, hat dat schonn am September zejoert am 100,7-Interview gesot. Et hätt ee Schwieregkeeten, fir Gebailechkeeten ze fannen. Ënner anerem, well si vum Staat Maximum 25 Euro de Meterkaree fir de Loyer bezuelt kréien, an d'Präisser um Marché deem net géifen entspriechen.
Eng Aarbecht, déi dacks falsch verstane gëtt
Wéi koum et dozou datt een elo esou séier awer nach eppes fonnt huet? D'Ute Heinz erkläert, datt déi Lokalitéit "d‘Wunschlokal" gewiescht wier. De Loyer wier awer méi héich wéi dat, wat de Staat engem finanzéiert. Well awer keng aner Lokalitéit fonnt gouf, hätt een nach eng Ufro beim Ministère gemaach.
“A schlussendlech hunn déi concernéiert Persounen decidéiert, datt si eis de méi héije Loyer awer géife finanzéieren, fir datt de Projet ka realiséiert ginn.“
Anescht wéi d'Ute Heinz nach am September zejoert gefaart huet, hätt ee bei dësem Gebai och keng Schwieregkeete mam Proprietär. Op dee Problem ass een nämlech bei der Sich no engem Gebai ëmmer nees gestouss. Et géifen e ganze Koup Virurteeler ginn, mengt d'Ute Heinz, an dofir wier Ëffentlechkeets- an Opklärungsaarbecht nach ëmmer wichteg.
Et hätt ee scho Kontakt mat der Gemeng opgeholl. Och d'Bevëlkerung misst d'Aarbecht am Drogen- a Substitutiounsraum verstoen.
Am Droge-Substitutiounsraum Esch géif et zum Beispill eng "Montagsrunde" ginn. Do kommen déi Responsabel vun de soziale Servicer mat der Police an de Gemengeresponsabelen zesummen. Dat wier eng gutt Geleeënheet fir sech iwwer d'Situatioun um Terrain auszetauschen, esou d'Ute Heinz. Do wier een och schonn a Gespréicher mam Ettelbrécker LSAP-Buergermeeschter Bob Steichen.
Ouverture fréistens a sechs Méint
Konkret sollen an dëser Struktur Persounen, déi ofhängeg si vun Opiater, eng Substitutioun ugebuede kréien. E Beispill ass Methadon, wat u sech ee Medikament ass, dat d'Clienten da kréien, fir den Heroin ze ersetzen.
“Zënter 2017 ass et och esou, datt d'Jugend- an Drogenhëllef an engem Projet pilote d'Erlabnis krut, fir den Diacetylmorphine ze verdeelen - oder wéi mir soen, e cheemescht Moleküll, am Fong geholl medezineschen Heroin a Pëllen - deen déi schwéierst ofhängeg Clientë kënne kréien an dee wäert dann och ausgedeelt ginn an deem Programme de substitution.”
Deemno géif een och net de Risk lafen, datt sougenannte "Squats" entstinn, oder datt Sprëtze virun der Dier leien, betount d'Direktesch vun der Jugend- an Drogenhëllef. Et géif sech ëm e medezinesche Service handele fir Mënschen, déi wëlle mam Drogekonsum ophalen.
Wéini genee d'Struktur opgeet ass iwwerdeems nach net gewosst. D'Ute Heinz hofft drop, datt een a 6 bis 8 Méint d'Diere vum Substitutiounsraum kann opmaachen.