D’Gebai vun der neier Maison médicale gesäit vu baussen nach wéi e grousse Chantier aus. Op ville Plaze gëtt nach geschafft.
D'Maison médicale ass prett
Mat engem ganz modernen an awer sterille Look, enger klenger Salle d’Attente an direkt e puer Consultatiounsraim. Zu Ettelbréck wier et héich Zäit gi fir nei Raimlechkeete fir d’Maison médicale ze fannen.
D’Plaz, wou ee virdru war, wier nämlech net méi adaptéiert gewiescht, esou den Dr. Kevin Prohaska, nationale Coordinateur vun de Maison médicallen a regionale Coordinateur am Norden.
"Mir konnten do ganz schlecht Leit eranhuelen, déi eng Mobilité réduite haten oder Leit mat enger Kutsch zum Beispill. D’Consultatiounsraim waren och ganz, ganz kleng, soudatt ee wierklech immens ageengt war an doduerch hu mir hei méi grouss Raim zur Verfügung kritt."
An der neier Maison médicale kéint ee Patienten och mat der Brëtsch an d’Ambulanz transportéieren. Dat wier op der Plaz, wou ee virdru war – direkt nieft dem Centre Hospitalier du Nord - net méiglech gewiescht.
Zwee Doktere pro Schicht
Et wieren och eng Rëtsch Parkplazen disponibel, déi direkt bei der Maison médicale sinn. Och dat hätt et virdrun net ginn.
Déi nei Raimlechkeete ginn daagsiwwer ënner anerem vu Servicer fir den Depistage vun den Aen an den Ouere genotzt. D’Maison Médicale ass dann owes vun 20:00 Auer un op.
"Hei ginn et insgesamt zwee Consultatiounsraim. An der Maison médicale vum Norde sinn zwee Doktere virgesi pro Schicht: Een deen erausfiert, een dee fix heibannen ass. Deen, deen erausfiert, kann, wann e keng Visitten huet, natierlech hei weider consultéieren."
Vu Mëtternuecht u kann een dann net méi an d’Maison Médicale goen. Da gi just nach Hausvisitte gemaach bis 07:00 Auer moies. Koordinéiert gëtt dat vum 112.
Wéini geet een an d'Maison médicale?
D’Demande no Hausvisitte géif dann dacks variéieren, erkläert den Dr. Kevin Prohaska.
"Dat hänkt natierlech of am Wanter oder Summer. Et kann ee soen eng hallef Dose pro Weekendsdag an der Woch kann et mol manner sinn. An d'Consultatioune gi bis zu 50 Consultancen an engem Owend."
Weekends an op Feierdeeg ass d’Maison médicale de ganzen Dag, vu moies 08:00 Auer bis Mëtternuecht op.
Wéini geet een iwwerhaapt an d’Maison Médicale amplaz an d’Urgence? Fir den Dr Kevin Prohaska ass d’Äntwert dorop zimmlech einfach.
"Wann Dir mat Ärem gesondheetleche Problem, och bei Ären Hausdokter gaange wäert, da gehéiert Dir an d'Maison médicale."
An der Maison médicale kéint alles gemaach ginn, wat een och soss bei sengem Hausdokter kéint maache loossen. Vun engem EKG iwwer d'Bitze vu Wonnen oder Éischtversuergung bei Infektiounen.
Falls et néideg ass, kéint de responsabelen Dokter een och an d’Spidol weiderschécken, erkläert den Dr. Kevin Prohaska. Direkt an d’Urgence goe sollt ee just bei Noutfäll.
Loft no uewe bei der Koordinatioun tëschent den Acteuren
Fir datt d’Maison médicallen esou efficace wéi méiglech kënne schaffen, misst een d’Koordinatioun vun de verschiddenen Acteure verbesseren, esou d’Gesondheetsministesch Martine Deprez.
"Wa mir eng gutt Koordinatioun tëschent Médecine générale, Maison médicale an den Urgencen hikréien a virun allem an den Urgencen déi Leit, déi do zéng - eelef Stonne musse waarden, méi an d'Maison médicale respektiv bei hiren Hausdokter drainéiert kréien."
De Public doriwwer opzeklären, wéini een an d’Urgence geet a wéini an d’Maison Médicale, wier dofir e wichtegen nächste Schrëtt esou d’Martine Deprez bei der Ouvertureszeremonie.
Virun allem Leit déi aus dem Ausland op Lëtzebuerg komme, wéissten dacks net, datt et Maison médicalle gëtt. Den Ament ginn et dräi Stéck.
Et bleift elo bei dräi Maison médicallen
Eng um Belval net wäit vum Shopping-Center. Eng an der Stad, net wäit vum CHL an eeben och zu Ettelbréck. Weider Maison médicalle wieren den Ament net virgesinn.
"Mir sinn do a Gespréicher mat de Generalisten an denken, datt mir de Moment, esou wéi mir opgestallt sinn, déi dräi grouss Regioune Süden, Norden, Zentrum gutt ofgedeckt hunn."
D’Dokteren déi d’Gardenassuréiere géifen dacks vill schaffen an d’Couverture vun den Dokteren zu Lëtzebuerg géif et den Ament net erlabe fir eng weider Maison médicale opzemaachen.