arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ouverture: Zentrum fir ambulant Aenoperatiounen mécht op der Cloche d'Or op

Santé

|
reading time

1 min

Ouverture: Zentrum fir ambulant Aenoperatiounen mécht op der Cloche d'Or op

D'Hôpitaux Robert Schuman hunn op der Cloche d'Or an der Stad en neien Zentrum fir ambulant Aenoperatiounen opgemaach. Dat deelt de Spidolsgrupp haut mat. Den Zentrum ass 800 Quadratmeter grouss a verfüügt iwwer zwee voll equipéiert Operatiounssäll.

reading time

1 min

Zentrum fir ambulant Aenoperatiounen | © HRS
Zentrum fir ambulant Aenoperatiounen (Foto: HRS)

An dem neien HRS-Zentrum op der Cloche d'Or kënne geplangten Aenoperatiounen ënner lokaler Anästhesie duerchgefouert ginn. 

Et ass eng weider Etapp an der Strategie vun den Hôpitaux Robert Schuman, fir méi medezinesch Behandlungen ambulant unzebidden. Schonn d'lescht Joer war op der Cloche d'Or en Zentrum fir medezinesch Bild-Diagnostik opgaangen.

Fir d'Fréijoer 2028 ass ausserdeem d'Ouverture vun engem weideren Zentrum fir ambulant Chirurgie geplangt, dat um Boulevard Kockelscheier.