An der Lëtzebuerger Sprooch ginn et sou munch iwwerraschend Ausdréck a regional Aussproochen. An dat war och schonn ëmmer e bëssen esou. Dat weist den neien zweete Sproochatlas 1900 un deem d'Sara Martin als Linguistin matgeschafft huet an deen op der Aarbecht vum Alain Atten an de 60er a 70er Joren baséiert.
Esou hunn déi eeler Leit an de 60er a 70er Jore majoritär "Äppelbrot" fir "Äppelkompott" gesot, seet d'Linguistin. Aner Wierder sinn Äppelmous an Äppeldompes, Äppelpourri. Dat si Wierder, déi déi meescht Leit haut nach ni héieren hunn, mee déi fréier benotzt gi sinn.
"Mat fréier menge mir effektiv déi Befroungen, déi den Här Atten an de 60er a 70er Jore gemaach huet, mat eelere Leit, déi ëm 1900 gebuer waren. Dat heescht, do huet hien och heiansdo nogefrot, wéi eng Wierder kennt Dir dann nach? An do sinn dann déi Wierder genannt ginn."
Et ass net auszeschléissen, datt Äppelkompott deemools scho vu Leit gesot ginn ass, mee aner Variante ware méi prominent, sou d'Sara Martin. Datt eng Variant sech géint eng aner duerchgesat huet, huet mat der Mobilitéit, oder och mat der Immobilitéit vun de Leit ze dinn, seet d'Linkguistin. Wärend fréier vill Leit bal ëmmer an hirem Duerf bliwwe sinn, waren anerer méi mobil.
"An do passt ee sech un. Do ginn dann eeben emol déi eng Wierder méi prominent an déi aner ginn - wann ee sou wëll - vläicht verluer."
Och d'Medien hätten am deem Prozess eng Roll gespillt.
Een immensen Aarbechtsopwand, haut eng immens wichteg Source
Fir de Sproochenatlas selwer huet de renomméierte Sproochenexpert Alain Atten an de 60er a 70er Eenzelinterviewe mat Leit op 600 verschiddene Plazen zu Lëtzebuerg an am Areler Land gemaach.
"Do huet e säi ganze Froekatalog ofgefrot mat e puer honnert Wierder, wou wierklech gefrot gouf: 'wéi géift Dir heifir soen.' Oder vläicht och: 'wéi huet ee fréier nach dozou gesot?'. Hien huet dann ëmmer op der Hand phonetesch notéiert, wéi d'Leit do gesot hunn."
Am Sproochenatlas ass dem Alain Atten seng ganz Aarbecht vun där Zäit elo dokumentéiert wou ee Säit fir Säit all méiglech Varianten erëmfënnt, mat geographescher Verdeelung vun deemools.
Ouni dem Alain Atten seng Aarbecht vun där Zäit géif dee Sproochstand feelen an e wier och fir ëmmer verluer, well d'Leit déi ëm 1900 gebuer gi sinn, si mëttlerweil all dout.
"Dat heescht, et ass immens e wäertvollt Dokument. An eng vun de Missioune vum ZLS ass eeben och d'Dokumentatioun vum Lëtzebuerger vum Lëtzebuerger an all senge Formen. An dat kënne mir natierlech heimat dann och erfëllen."