Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Lady Gaga - Garden Of Eden

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Firwat mussen d'Tunnelle gebotzt ginn?

Erklärunge vu Ponts et chaussées

Firwat mussen d'Tunnelle gebotzt ginn?

An der Nuecht op e Mëttwoch fänken d'Botz- an d'Maintenance-Aarbechten an den Autobunnstunnellen uechter d'Land un. All Joer ginn zwou där Campagnë gemaach, eemol am Fréijoer an eemol am Wanter.

auto_stories

3 min

headphones

5 min

Tunnel | © picture alliance / BeckerBredel | BeckerBredel play_arrow
Tunnel (Foto: picture alliance / BeckerBredel | BeckerBredel)

Duerch de villen Traffic an den Tunnelle gëtt vill Stëbs a Knascht opgewirbelt. D'Mauere vun den Tunnelle ginn doduerch ëmmer méi knaschteg an dat kéint d'Siicht am Tunnel negativ affektéieren, erkläert de Ralph Di Marco, de Pressespriecher vun de Ponts et Chaussées.

Bei de Botzaarbechte ginn awer och d'Fossë propper gemaach, fir datt d'Waasser besser kann oflafen an et gëtt no den Hydranten an no de Läschsystemer gekuckt. Deelweis mussen och d'Kameraen nei geriicht ginn, d'Beliichtung muss kontrolléiert ginn, genee wéi d'Alarmsystemer an d'Ventilatoren an d'Réckhaltebecken.

"Jee mir hunn immens vill technesch Ekipementer an esou engem Tunnel an insgesamt bei enger Maintenance-Campagne vun de ronn 25 Tunnellen, déi betraff sinn, do ginn 300.000 technesch an elektronesch Ekipementer kontrolléiert."

Wéinst EU-Recht a Maintenance-Kontrakter muss zweemol am Joer kontrolléiert ginn

Vill Aarbecht also fir d'Ekipp vu Ponts et Chaussées, déi jee no Gréisst vum Tunnel bannent enger Nuecht oder awer iwwer e puer Deeg realiséiert gëtt. D'Botz- a Maintenance-Aarbechte sinn iwwregens strikt vunenee getrennt, well d'Leit sech soss géigesäiteg géifen hënneren an och aus Sécherheetsgrënn.

Eng 40 Persoune schaffen op der Campagne. Fir d'Botzaarbechte gouf eng spezialiséiert Firma aus der Schwäiz engagéiert, esou de Ralph Di Marco. Firwat mussen d'Tunnellen eigentlech esou heefeg, also zweemol am Joer, gebotzt ginn?

Engersäits well eng relativ streng EU-Sécherheets-Direktiv dat esou virgesäit. Anerersäits sinn d'Ponts et chaussées awer och u Wartungsverträg mat de verschiddene Firme gebonnen. Zweemol pro Joer muss also kontrolléiert ginn.

Preventiv Aarbecht, fir manner dacks mussen ze spären

Futtist Material wéi Biere géif een natierlech ersetzen, mee et géif een och preventiv schaffen a Material ersetzen, dat geschwë kéint futtigoen. Wann een déi Aarbechte just eemol am Joer géif maachen, oder just all zwee Joer, dann hätt een de Risiko, datt dertëschent eppes kéint futtigoen.

"Dat heescht, dat géif dann och zu méi punktuelle Spärunge féieren an da wieren d'Leit dobaussen nach méi genervt, well da misste mer nach méi den Tunnel spären, fir eeben déi Saachen ze ersetzen."

Fir d’Automobilisten esou wéineg wéi méiglech ze hënneren, gëtt virun allem Nuets an den Autobunnstunnelle geschafft, esou nach de Ralph Di Marco, ugefaangen elo den Dënschdeg den Owend op der Pénétrante du Sud. Jee no Machbarkeet gëtt iwwerdeems eng Deviatioun en place gesat, oder de Verkéier gëtt bidirektional gereegelt.

Lauschterenplay_arrow