Den Direkter vu lux-Airport, den Alexander Flassak, gesäit nach Loft no uewe bei der Notzung vum Fluchhafen um Findel. Zu de Spëtzenzäiten, beispillsweis moies no 6 Auer, géif een duerchaus mierken, datt een ufänkt bei der maximaler Belaaschtung unzekommen. Et hätt een iwwerdeems just eng Start- a Landepist. Déi ausbaue wier awer net méiglech, well een duerch d'Grondstéck limitéiert wier, sou den Direkter. Eng weider Start- a Landepist wier och keng Optioun.
"Es gibt auch Flughäfen, wir nennen als Beispiel London Gatwick und Stansted, die haben, wenn man die 24er Zahl nimmt, 43 Milliounen und 30 Milliounen mit nur einer Start- und Landebahn abgewickelt. Das heißt, da gibt es noch keine Restriktionen."
D'Infrastruktur misst iwwerschafft ginn, esou den Direkter. Fir trotzdeem der Passagéierzuel gerecht ze ginn, géif een elo ënner anerem den Terminal ausbauen. Verschidde Funktioune sollen ausgelagert ginn. Et hätt een nieft dem Gebai nach Ausweichméiglechkeeten.
"Wir werden relativ viele Flächen im Gebäude frei ziehen. Dann wird zum Beispill auch Platz geschaffen, um die Lounge dann an der Etage zu bringen. Wir werden mehr Flächen in den Sicherheitsbereich bringen und dann auch eben Warteflächen für die Passagiere generieren."
Tram ass begréissenswäert
Den Direkter vu lux-Airport begréisst et iwwerdeems, datt den Tram zënter zwee Deeg och bis op de Findel fiert. Virun allem d'Mataarbechter:innen hätten esou eng weider Méiglechkeet fir op d'Schaff ze kommen, sou nach den Direkter.
Als eng weider Destinatioun, zousätzlech zu den 125, déi een aktuell vu Lëtzebuerg aus kann ufléien, géif hie sech iwwerdeems eng Verbindung an d'USA wënschen.