Radioen

On air

Notturno  |  Ryvage - Mountains & Valleys

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Assurance-Gesellschaften als gréisst Sponsore sprangen of

Securité Routière

Assurance-Gesellschaften als gréisst Sponsore sprangen of

D'Sécurité Routière géif vum nächste Joer un net méi vun den Assurance-Gesellschafte matfinanzéiert ginn, a géif domat hir gréisste Sponsor verléieren. Dat sot de President vun der Sécurité Routière, Paul Hammelman, de Moien op RTL.

auto_stories

1 min

De Paul Hammelmann ass President vun der Sécurité routière. | © Morgane Weidig
De Paul Hammelmann ass President vun der Sécurité routière. (Foto: Morgane Weidig)

Als Grond, fir wat d'Assurancëgesellschaften no méi wéi 60 Joer mat hirem Finanzement ophalen, heescht et, si wieren der Meenung, et wier eng Mission accomplie. Et bräicht een d'Sécurité routière net méi. Dem Paul Hammelmann no misst de Ministère déi Charge elo iwwerhuelen.