Wou genee déi Kontrollen duerchgeféiert ginn a wéi vill et där am Endeffekt sinn, géif vun der Regioun ofhänken a wéi vill Polizisten a Polizistinnen disponibel si fir déi Kontrollen ze maachen. Dat sot e Spriecher vun der Police op eis Nofro hin.
En éischte Bilan
D’Police hat d’Press fir de spéide Moien op eng Kontroll op d’Areler Strooss, beim ale Stadion, invitéiert. Do sinn de Polizisten an hire Laserapparater zwou Persounen opgefall, déi ze séier waren an dowéinst protokolléiert goufen.
E Bilan vun den éischte Stonne vum Speedmarathon huet de Charel Faber gezunn, Chef vum Service national de circulation et de sécurité routières vun der Police.
"Zanter Hallefnuecht hu mir schonn ee Fürerschäi missen anzéie wéinst effektiv engem Excès de vitesse a bis de Moie sinn och am Ganze schonn 22 A-Fraktioune festgestallt ginn, verbaliséiert ginn. Dovunner waren 8 Contraventions graves, dat heescht 145 Euro an zwee Punkten huet dat bedeit an 8 A-Fraktiounen a 49 Euro, déi festgestallt gi sinn."
Nëmmen eng hallef Stonn hat et an der Nuecht gedauert, bis en 1. Führerschäi wéinst Vitess agezu war. An ewell dräi Minutte virum Ufank vun der eigentlecher Kontroll op der Areler Strooss war schonn eng Automobilistin aus der Course geholl ginn. Duerno koum awer just nach een ze séiere Mann dobäi. Dat war alles, ausser engem Auto, deem d’Polizisten op de Motoen nogefuer sinn, well den Auspuff vum Auto zevill Kaméidi gemaach huet.
Fir de Charel Faber, war dann och virun allem d’Sensibilisatioun wichteg. Him wier et "grad sou léif gewiescht", wann een haut guer keen ugehalen hätt. Dann hätt d'Sensibiliséierung Wierkung gewisen.
D'Behuelen op der Stroossen iwwerdenken
Trotz deenen, "nëmmen zwee ugehalenen Automobiliste" wier déi preventiv Kontroll awer net fir näischt gewiescht.
"Ech mengen, mir si jo gesi ginn, mir hunn eis jo hei net verstoppt. An deem Sënn ass op d’mannst déi Zäit, wou mir hei stoungen a Kontroll gemaach hunn, definitiv jo awer de Code de la route respektéiert ginn."
A wee Respekt vum Code de la route seet, seet och Respekt vun der Vitess, sou de Charel Faber. Et géif him net just drëms goen, maximal Protokoller ze schreiwen an hofft, datt d'Leit hirt Behuelen op der Strooss iwwerdenken.
D’Kontrollen uechtert d’Land sollen d’Populatioun op d’Gefore vun iwwerdriwwener Vitesse hiweisen.
Vitess an Europa Haaptdoudesursaach bei Verkéiersaccidenter
De Speedmarathon fënnt a villen europäesche Länner statt. Zil vun der Campagne vu Roadpol - also dem europäesche Reseau vun der Stroossepolice - ass et, op d’Geforen opmierksam ze maachen, wann een ze séier fiert. D'Vitess wier an Europa nämlech d'Haaptursaach fir Doudesfäll bei Verkéiersaccidenter, heescht et vu Roadpol. Weider géifen an Europa all Joers eng 25.000 Leit bei Accidenter ëm d'Liewe kommen. Dacks wier d'Vitess een Haaptfacteur.
Zejoert 235 Vitesskontrollen
Et ass net déi éischte Kéier, datt Lëtzebuerg bei der Campagne matmécht. Zënter 2015 ass Lëtzebuerg all Joer dobäi gewiescht, bis op 2020. D'lescht Joer hat d'Lëtzebuerger Police um Dag vum Speedmarathon 235 Vitesskontrollen duerchgeféiert. Fir eng 180 Leit koum et do och zu enger Geldstrof. Dobäi haten zwee mobil Radaren 2.500 Mol festgehalen, datt d'Vitesslimitten iwwerschratt goufen.