Wann d'Wieder gutt ass, wieren nach méi Leit wéi soss op de Stroossen ënnerwee, esou d'Direktesch vun der Sécurité Routière Isabelle Medinger op eis Nofro hin. Op der Strooss misst jidderee Responsabilitéit iwwerhuelen an openeen oppassen. Och wa scho vill dru geschafft géif ginn, wier d'Politik iwwerdeems fir d'Infrastrukture responsabel, esou d'Isabelle Medinger.
Richteg Approche vun der Politik?
No den Accidenter géif analyséiert ginn, ob et e Problem vun der Infrastruktur, oder beispillsweis vun der Visibilitéit war. Och d'Froen, ob de Buedembelag eventuell net gutt gewiescht ass, oder ob et Problemer mat der Beschëlderung gouf, géif analyséiert ginn.
"War ee vun deenen, déi implizéiert ware vläicht amgaangen um Handy ze sinn. Dat sinn alles Saachen, déi, wou een net kann drop agräifen. Mee d'Politik versicht esou wäit wéi méiglech all Accident als Eenzelfall ze kucken an entweeder un den Infrastrukturen ze schrauwen oder Froen iwwer d'allgemengt Verhale sech ze stellen."
Aus Respekt vun de betraffenen Affer wéilt si sech am Moment net zu den Ursaache vun den Accidenter äusseren.