Radioen

radio100,7
  • radio100,7
  • opus100,7
On air

Notturno  |  Tennis - In The Morning I'll Be Better

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Diddelenger A3: Éischten Deel mat dräi Spuere geet de Weekend op

No dräi Joer Chantier

Diddelenger A3: Éischten Deel mat dräi Spuere geet de Weekend op

Nom Ausbau op dräi Spueren, wäert den éischten Deel vun der méi breeder Diddelenger Autobunn A3 an der Nuecht vun e Samschdeg op Sonndeg ëm Mëtternuecht opgoen. Dat annoncéiert d’Ministerin Yuriko Backes (DP) de Moien um Chantier. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

No dräi Joer Chantier geet dat méi breet Stéck op der Diddelenger A3 op | © Serge Kesseler play_arrow
No dräi Joer Chantier geet dat méi breet Stéck op der Diddelenger A3 op (Foto: Serge Kesseler)

Nei ass, datt op den neie Stécker op der A3 déi lénks Autobunnsspueren all Kéier fir Bussen a fir Autoe mat méi Leit dra reservéiert sinn, erkläert de Roland Fox, Direkter vun der Stroossebauverwaltung.

"Den Autossymbol mat 2+ heescht ganz einfach, datt op där Spuer, Autoen dierfe fueren, wou zwee Leit op d’mannst dra sëtzen."

80.000 Gefierer pro Dag

An enger éischter Phas wäert dat vun der Police kontrolléiert ginn. Och op der Pannespuer vum neien Deelstéck a Richtung Stad wäerten zum Deel Busse kënne fueren.

All Dag wieren eng 80.000 Gefierer op der Diddelenger Autobunn ënnerwee, heescht et virun der Press. Et geet een och net dovun aus, datt dës Zuel erofgeet.

"Trotz méi Autoen, méi confortabel"

Mat der méi breeder Autobunn soll op eng nohalteg Aart a Weis eng Erhéijung vun der Kapazitéit ugebuede ginn, esou d’Ministerin Yuriko Backes. Sou datt "méi Autoen trotzdeem méi confortabel fuere kënnen."

350 Milliounen Euro fir d‘Aarbechten bis un d‘franséisch Grenz

D’Aarbechte fir den Ausbau vun der A3 hate virun iwwer dräi Joer ugefaangen. De Budget fir de ganzen Ausbau vun der Diddelenger Autobunn bis op déi franséisch Grenz, mat weideren Aarbechte, läit bei iwwer 350 Milliounen Euro. Den Ament wier een am Budget, d‘Ministerin mengt och, datt dee weiderhi respektéiert wäert ginn.

D’Ambitioun géif bleiwen, datt d’Aarbechten 2030 fäerdeg ginn, esou haut d’Ministerin an den Direkter vun der Stroossebauverwaltung.

Lauschterenplay_arrow

live

Live