Den US-President Donald Trump huet jo annoncéiert. Vun e Sonndeg un, géif eng Tax vu 25 Prozent op Importer vun Autoen an d’USA gëllen.
Zu Lëtzebuerg sinn eng 20 Firmen am Automobil-Secteur aktiv. Si hunn 8.500 Beschäftegter a maachen zesummen an Ëmsaz vun annerhallwer bis zwou Milliarden Euro d‘Joer.
Impakt och op Lëtzebuerg
Och wann d‘USA net dee gréisste Maart fir dës Lëtzebuerger Firme sinn, wäert déi nei Tax awer e groussen Impakt op d‘Auto-Industrie an der EU hunn – an deemno och op Lëtzebuerg, esou den Julian Profitt.
"Éischtens, déi 25 Prozent Tariffer agéieren direkt op de Verkafsniveau vun Autoen, déi an Europa gebaut ginn, déi an Amerika verkaf ginn. Dat heescht, d'Volumme ginn automatesch erof."
Eng aner méiglech Auswierkung wier, souzesoen, an déi aner Richtung.
"Datt wann d'Tariffer och schloen op zum Beispill koreanesch oder japanesch Autoen, déi kommen och vläicht dann an eng Mehrzuel hei op der europäesche Maart, wat weider de Marché vun der Produktioun vun Autoen hei op de Standuert Europa wäert drécken."
Fir d‘Auswierkunge konkreet ze chiffréiere, an ob eventuell souguer Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg a Gefor sinn, kéint een elo nach net soen, esou de Julian Profitt.
EU signaliséiert "robust" Géigemesuren
Déi 25 Prozent US-Importaxen op Autoe soll vun e Sonndeg u gëllen, a vu Mee un dann och fir Autokomponenten. D‘EU Kommissioun setzt den Ament weider op Verhandlunge mat den USA, mee huet op enger Pressekonferenz trotzdeem eng "robust“ Äntwert – also méiglech Géigemesuren - an Aussiicht gestallt.
Egal wéi wier den Timing vun den US Taxen äussert schlecht fir den europäeschen Autosmaart, dee souwisou scho mat niddrege Venten an der Konkurrenz aus China, virun allem bei Elektroautoen, konfrontéiert ass.
"A mir mussen eis wierklech iwwerleeën, wéi mir dat kënnen zum Deel kuerzfristeg absorbéieren an da kucken, wéi mir kënne vläicht duerch d'Innovatioun, duerch anere Saachen, eis Wee fannen op engem Marché, dee wierklech vill méi schwaach ass, wéi mir am Ufank vun de Joer geduecht hunn."