Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Léiwer Härgottsblieschen ...": Haut ass Liichtmëssdag

Lokal

"Léiwer Härgottsblieschen ...": Haut ass Liichtmëssdag

Haut um Sonndeg ass Liichtmëssdag: Uerschter d’Land sinn also de Mëtteg d’Kanner ënnerwee fir Lidder ze sangen, an dofir Kamellen a Suen ze sammelen. Well et wärend dem Liichten dacks däischter ass, sollen d’Elteren drop oppassen, datt d’Kanner visibel bleiwen, betount d’Sécurité routière. Och d’Automobiliste solle gutt oppassen, seet d’Isabelle Medinger vun der Sécurité routière. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Kanner op Liichtmëssdag. | © SIP play_arrow
Kanner op Liichtmëssdag. (Foto: SIP)

Vun Haus zu Haus schelle goen, sangen, d’Tuten opmaachen, a weider bei de Noper sprangen: D’Liichten ass fir vill kleng a méi grouss Kanner eng ganz Aventure, wou si net ëmmer op de Verkéier oppassen. Et ass deemno un éischter Plaz un den Automobiliste wann et méi däischter ass, uecht ze ginn.

D'Kanner solle gutt siichtbar sinn

Mee och Erwuessener oder Enseignanten, déi mat de Kanner ënnerwee sinn, sollen iwwerpréiwen, ob d’Butzen och visibel sinn. D’Lampione ginn do net duer, betount d’Isabelle Medinger.

"D'Lampione sinn natierlech net hell genuch, fir dass d'Kanner gutt gesi ginn, an dofir ass et wichteg, d'Kanner hell unzedoen an hinnen eventuell Blinkien, déi vun der Sécurité routière oft an de Schoule verdeelt ginn oder aner Sécherheetsmaterial, unzedoen. Am beschten ass natierlech ëmmer eng Vest mat Elementer, déi rétro réfléchissant sinn."

Mam gudde Beispill virgoen

Wichteg ass et weider, datt déi Erwuesse sech deen Dag speziell un d’Verkéiersreegelen halen, och wa sonndes net vill Verkéier ass, erkläert d’Isabelle Medinger.

"Grad déi Erwuesse solle mam gudde Beispill virgoen. A grad well et elo de Weekend fält, wou net esou vill Verkéier ass: Wann d'Luucht rout ass, ass se rout, och wa keen Auto kënnt. An et ass vläicht och eng Geleeënheet, fir dem Grupp dann nach eng Kéier ze soen, wéi si sech bei den Zebrasträife solle verhalen, fir déi méi kleng Kanner."

Eigentlech ginn et op Liichtmëssdag wéineg Accidenter, wou Kanner mat implizéiert sinn, seet d’Isabelle Medinger. Si sinn nämlech dru gewinnt fir op hire Kleeder oder Schung sougenannte Blinkien ze hunn. Dat heescht Reflektoren, déi an der Luucht vun de Scheinwerfer méi hell liichten. A ville Gemenge ginn et och Schëlder, déi op d’Liichten hiweisen.

Lauschterenplay_arrow