Radioen

On air

Tockcity  |  Kas Product - Last chance

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bréif fir méi Verkéierssécherheet um Lampertsbierg gouf dem Mobilitéitsschäffen iwwerginn

453 Ënnerschrëften

Bréif fir méi Verkéierssécherheet um Lampertsbierg gouf dem Mobilitéitsschäffen iwwerginn

Ee Bréif, an deem méi Verkéierssécherheet um Lampertsbierg gefuerdert gëtt, gouf dem Stater Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmidt haut de Mëtteg iwwerreecht. Dee Bréif, ass nom Accident an der Avenue Victor Hugo Mëtt Mäerz op privater Initiativ vun enger Awunnerin entstanen.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow

D’Initiateure vun där Aktioun hu mat Nodrock séier Moossname gefuerdert, erkläert d’Maureen Stoll, déi de Bréif verfaasst an iwwer eng Whatsapp Grupp diffuséiert huet.

"D’Lampertsbierger si schockéiert iwwert dat Accident dat de 14te Mäeerz an der Victor Hugo Strooss stattfonnt huet, a fuerderen datt esou Accidenter net méi méiglech sinn an datt net méi esou ka gerannt ginn."

D'Vitesslimitte ginn net respektéiert

Zwar géif an de meeschte Stroossen um Lampertsbierg schonn d‘Vitesslimitt 30 gëllen, déi géif awer net respektéiert ginn. An der Victor Hugo Strooss gëtt et iwwerdeems eng Spillschoul, ee Lycée an deemnächst eng Primärschoul, ënnersträicht d‘Maureen Stoll.

Et gëtt och versicht där sougenannte Gendarme-couchéen ze installéieren. Hindernisser, déi de Verkéier ofbremsen, huet de Stater Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmidt präziséiert.

D'Lycéeën aus dem Quartier raushuelen

Et ginn awer scho laang Fuerderunge wéinst de Lycéeën, erkläert de Patrick Goldschmidt. De Schäfferot géif och schonn "zanter Joren" fuerderen, datt de Gros vun de Lycéeën aus dem Quartier erauskommen. 

"Mir wëssen, wa mer de Bussen, de Schüler soen dir musst um Glacis erausklammen dann hu mer herno méi Autosverkéier um Lampertsbierg."

D'Stad Lëtzebuerg wëllt awer och Moossnamen ergräifen, fir dem Duerchgangsverkéier entgéint ze wierken. Am Mee ass een Treffe mat den Awunner:innen an dem Schäfferot geplangt, dat zesumme mat Interesseveräin Lampertsbierg, dee parallel och ee Bréif iwwerreecht huet. De President vum Syndikat Christophe Monteiro wëllt déi Fuerderungen, déi scho laang am Raum stinn och mat ënnerstëtzen.

Weider Moossname sollen et och gi fir aner Wunnquartieren, déi duerch de Verkéier ëmmer méi belaascht ginn, huet de Patrick Goldschmidt nach erkläert.

Lauschterenplay_arrow