arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lampertsbierg: Stater Schäfferot stellt Pilotprojet fir méi Verkéierssécherheet vir

Zwee Méint no Accident

|
reading time

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Lampertsbierg: Stater Schäfferot stellt Pilotprojet fir méi Verkéierssécherheet vir

An enger Informatiounsversammlung huet de Stater Schäfferot de Bierger:innen vum Lampertsbierg e Pilotprojet mat Mesure virgestallt fir d’Verkéiersproblematik am Quartier unzegoen. Ënner anerem soll de komplette Lampertsbierg eng 30er-Zon ginn.

reading time

3 min

headphones

4 min

play_arrow
D’Biergerinitiativ vum Lampertsbierg bei der Iwwergab vum oppene Bréif un de Stater Schäfferot
D’Biergerinitiativ vum Lampertsbierg bei der Iwwergab vum oppene Bréif un de Stater Schäfferot

De Centre culturel Tramschapp war gutt gefëllt. Vill Bierger:innen aus dem Quartier hate sech Zäit geholl fir sech de Mesurëpak vun der Stad Lëtzebuerg unzelauschteren.

Et ass eng Reaktioun op e schroen Accident an der Avenue Victor Hugo, bei deem viru gutt zwee Méint, matten an enger 30er Zon, sechs Leit blesséiert goufen. Elo soll de komplette Lampertsbierg an enger 30er-Zon ëmgewandelt ginn. Bestëmmte Stroossen sollen zu Sens-uniquë ginn a sougenannt Berliner Kissen sollen installéiert ginn.

Schäfferot misst zwou Stonne Ried an Äntwert stoen

De But soll sinn den Transitverkéier um Lampertsbierg ze reduzéieren.

No der Presentatioun konnten d‘Bierger:innen hir Froe stellen oder Bemierkunge bäidroen. An dovun hunn si och Gebrauch gemaach. Ronn zwou Stonne laang huet de Stater Schäfferot misse Ried an Äntwert stoen.

Et koumen ënner anerem d‘Fuerderungen no méi Schëlder bei de Schoulen an no méi Vëlosweeër. Et gouf driwwer diskutéiert, datt d‘Bussen ze séier géife fueren an op déi Berliner Kissen op de richtege Plaze geplangt wieren.

Goldschmidt: Et kënnen net iwwerall Radare stoen

D’Fuerderunge vun de Biergerinnen a Bierger no engem oder méi Radaren am Quartier kéint d’Stad Lëtzebuerg awer net ëmsetzen, erkläert de Stater Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmidt. Dat well dat net an der Kompetenz vun der Gemeng géif leien.

Et géif, dem Patrick Goldschmidt no, och d‘Zil verfeelen, wann iwwerall am Land an den Uertschafte Radare géife stoen.

"Natierlech hu mir esou schwaarz Këschten, wou mer ophänken, wou mer d'Vitesse moossen. Dat si keng Radaren, wou mer permanent moossen an déi ginn dann evaluéiert. Déi kritt de Schäfferot als Informatioun, mee déi kritt d'Police och als Informatioun."

Wann déi da feststellt, datt d‘Autoen op enger Plaz dacks ze séier fueren, géifen déi néideg Moossname geholl ginn. Notamment mobil Kontrollen.

"E gudden Ufank"

D’Biergerinitiativ, déi an der Suite vum uergen Accident entstan war, an an engem oppene Bréif, dee vu méi wéi 300 Leit ënnerschriwwe gi war, Konsequenze gefuerdert hat, nennt de Pilotprojet "e gudden Ufank". Déi verschidde Mesuren, déi elo virgesi sinn, géifen awer net wäit genuch goen, fënnt d’Grënnerin vun der Initiativ Maureen Stoll. Fir si wieren d‘Berliner Kissen zum Beispill net op genuch Plazen am Quartier geplangt.

"Lo ass dat e provisoresche Projet, soudass ech hoffen, dass der nach wäerten derbäi kommen an dass déi Ëmsetzung gutt klappt. An dass du no nach weider wäert goen."

De Pilotprojet soll de 7. Juli dëst Joer ufänken an iwwer en Zäitraum vu sechs Méint evaluéiert ginn.

play_arrow Lauschteren