Radioen

On air

Notturno  |  Bill Callahan - Diamond Dancer

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Lëtzebuerger Militärhëllef net fir Asaz iwwert d’Ukrain eraus geduecht

EU-Ukrain

Lëtzebuerger Militärhëllef net fir Asaz iwwert d’Ukrain eraus geduecht

Den Nato-Generalsekretär Jens Stoltenberg freet indirekt, datt d’Ukrain westlech Waffen och fir Attacken op militäresch Ziler a Russland benotzen dierf. Verschidden EU-Länner refuséieren dat. Fir Lëtzebuerg stellt sech d’Fro net, seet d’Verdeedegungsministerin Yuriko Backes.

auto_stories

2 min

Foto: European Union

D’Belsch engagéiert sech der Ukrain bis 2028 30 Kampffliger vum Type F16 ze liwweren. Den Ukrainesche President Volodimir Selensky war um Dënschdeg fir eng Visitt an der Belsch, wou hien ee bilateralen Accord iwwert d’Zesummenaarbecht am Beräich vun der Sécherheet ënnerschriwwen huet.

Asaz vu belschen F16 op Ukrain limitéiert

Dëst Joer wëllt d’Belsch der Ukrain eng Militärhëllef an Héicht vun 977 Milliounen Euro accordéieren. Nieft de Militärfliger, sinn och gepanzert Gefierer, Equipementer fir d’Loftofwier a fir d’Sécherheet um Mier virgesinn. Weider Hëllefe stinn op der Lëscht, ënnert anerem Artilleriewaffen, oder nach militäresch Ausbildungen.

Den Asaz vun de belschen F16 Fligeren ass op den ukraineschen Territoire limitéiert - dat sot de belsche Premier Alexander de Croo de Moien op enger gemeinsamer Pressekonferenz mam ukrainesche President.

Verschidden EU-Länner hunn d’Liwwerunge vu Militärhëllef un déi nämmlecht Konditioun geknäppt, nämlech datt d’Ukrain dat Material net asetzt, fir Ziler a Russland z’attackéieren.

Den NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg huet d’Länner gefrot, déi Konditiounen opzehiewen.

Yuriko Backes: Keng Liwwerung vu Waffe fir Attacken op russesch Ziler virgesinn

Wat d’Lëtzebuerger Militär-Hëllef ugeet, géif sech déi Fro net stellen, sot eis zu Bréissel, d’Verdeedegungsministerin Yuriko Backes.

"Lëtzebuerg huet keng esou Waffen, déi an deem Sënn vun ukrainescher Säit kéinte wäit a Russland, benotzt ginn. Dat heescht fir eis stellt sech déi Fro am Fong net. Déi Länner, déi déi Zort vu Waffen un d'Ukrain liwweren, missten déi Decisiounen dann huelen. Mee eis Ënnerstëtzung fir d'Ukrain ass an deem Sënn net fir esou Waffe virgesinn."

Et wier awer wichteg déi Diskussioun op EU-Niveau ze féieren, sou d’DP-Politikerin.

Aktualitéit
Europa
Politik a Gesellschaft