Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Josep Borrell verleet EU-Ministertreffen vu Budapest op Bréissel

Boykott

Josep Borrell verleet EU-Ministertreffen vu Budapest op Bréissel

Den EU-Aussebeoptraagte Josep Borrell blockéiert en EU-Minister-Treffen an Ungarn. Hie boykottéiert een informellt Treffe vun den EU-Aussen- a Verdeedegungsministeren zu Budapest a verleet et op Bréissel. Hannergrond sinn dem ungareschem Premier seng Visitten zu Moskau a Peking.

auto_stories

1 min

© picture alliance / ROPI | Michailidis/EUC
Foto: picture alliance / ROPI | Michailidis/EUC

Dat sot de Josep Borrell nom EU-Ausseminister-Conseil gëschter zu Bréissel. Eng Partie EU -änner, dorënner Lëtzebuerg, Däitschland a Spuenien, hate sech géint sou e Boykott ausgeschwat.

De Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel huet dofir plaidéiert awer op Budapest ze reesen. 

De Viktor Orban war direkt um Ufank vun der aktueller ungarescher EU-Presidence ufanks Juli op Moskau bei de russesche President Wladimir Putin an duerno bei den Donald Trump an de chineesesche President Xi Jinping gereest.

Dës Visitten, déi den Orban als "Friddensmissioun" beschriwwen hat, wieren net mat der EU ofgemaach gewiescht, esou de Josep Borrell.