De François Bayrou hat all d'Parteien ausser d'Lénkspartei La France Insoumise an de rietsextreemen RN invitéiert. Hien huet hinne proposéiert sech u senger Regierung ze bedeelegen oder op d'mannst dës net duerch e Mësstrauensvott ofzesetzen.
Faure: Kee Grond op Mësstrauensvott ze verzichten
No der Reunioun sot de Sozialistechef Olivier Faure, seng Partei géing sech net un der Regierung bedeelegen, an et géing och kee Grond ginn op e Mësstrauensvott ze verzichten.
De Bayrou hätt sech zwar bei Sujeten, wéi der ëmstriddener Pensiounsreform, gespréichsbereet gewisen, mee alles an allem hätt hien erschreckend wéineg ugebueden.
Mayotte: déi gréisst national Katastroph zanter Laangem
Och d'Ekologisten hu sech enttäuscht gewisen. De Premier selwer war owes Invité op France 2, fir seng Pläng ze presentéieren an d'Aktualitéit ze kommentéieren. D'Zerstéierung duerch e Wierbelstuerm am Iwwerséigebitt Mayotte huet de Bayrou als déi gréisst national Katastroph zanter ganz laang bezeechent. Hie géing hoffen, d'Insel bannent zwee Joer nees opzebauen.
Pensiounsreform: Pensiounsalter erhéije keng néideg Mesure
Bei der ëmstriddener Pensiounsreform wëllt de Premier verhandelen awer net sträichen. De Bayrou gleeft, datt et aner Mesurë gëtt wéi d'Erhéijung vum Pensiounsalter vun 62 op 64 Joer. Fir ze evitéieren, datt et nees zu engem Mësstrauensvott kënnt a fir d'Gauche ze iwwerzeegen, sech un der Regierung ze bedeelegen, huet de Bayrou versprach op en Asaz vum Artikel 49.3 ze verzichten. Ausser et gëtt e komplette Blockage beim Budget. Dësen erlaabt et de Budget och ouni Vott duerch d’Assemblée ze boxen.
Deen neie Budget wëllt de Premier bis Mëtt-Februar presentéieren, hie war awer net sécher, ob dësen Zäitplang anzehalen ass.