Wichteg wier et, datt d'Krittäre fir ee Bäitrëtt erfëllt ginn, et missten awer béid Säiten dofir suergen, datt dee Prozess net ze laang dauert, sot um Mëttwochowend zu Bréissel de Premier Luc Frieden. Am anere Fall kéint d'EU een héije Präis dofir bezuelen.
Wat d'Ukrain ugeet, misst d'EU d'Land weider finanziell a mat militäreschem Equipement ënnerstëtzen, esou de Luc Frieden.
Sollt et zu Friddensverhandlunge kommen, misst d'Ukrain decidéieren, wéi déi Verhandlunge sollen ausgesinn an d'EU misst mat um Dësch setzen. Et dierft net vu Washington aus decidéiert ginn, wéi d'Zukunft vun Europa ausgesäit, esou de Premier.
Wolodymyr Selenskyj fir Gespréicher zu Bréissel
Ee Sujet haut, Donneschdeg, um EU-Sommet wäert sinn, wéi d’Ukrain an eng besser Ausgangspositioun fir eventuell Friddensverhandlunge mat Russland ka versat ginn. Den ukrainesche President ass um Moie perséinlech bei de Gespréicher an der belscher Haaptstad.
De Wolodimyr Zelenskyj wäert d'EU-Staats- a Regierungscheffen iwwer déi neisten Entwécklungen an d'Bild setzen. Déi 27 beroden duerno eleng iwwer weider Méiglechkeeten d'Land ze ënnerstëtzen.
Message no baussen an un all d'EU-Länner
Dee Support géif net noloossen an d'EU géif hei gëeent optrieden, esou e Mëttwoch een EU-Diplomat. Dat gëtt och esou schrëftlech an de Conclusioune vun deem Sommet festgehalen an ass als Message no baussen an och un all EU-Land ze verstoen. Ungarn huet jo nach bis Enn des Joers d'Presidence vun der Europäescher Unioun. Mat engem Premier Viktor Orban, dee genee wéi den zukünftegen amerikanesche President Donald Trump drop drängt, datt et soll zu Friddensverhandlungen tëschent der Ukrain a Russland kommen.
De Message, deen d'EU erausschécke wëllt ass deen, datt dee Schratt nëmmen da ka geholl ginn, wann d'Ukrain prett dofir ass.
D'Fro, wéi d'EU mat neie Leaderen a Syrien ëmgoe soll
Anere Sujeten um Sommet ass d'Migratioun, mat enger Diskussioun eventuell iwwer sécher Drëttstaaten. An och der Fro, wéi d’EU soll mat den neie Leaderen a Syrien ëmgoen. Bis elo sti verschiddener vun hinnen op der Terrorlëscht vun de Vereenten Natiounen, a si ginn an der EU sanktionéiert.
Et ass deen éischte Sommet, dee vum neie Conseilspresident Antonio Costa geleet gëtt. Hie war direkt um Ufank vu sengem Mandat zesumme mat där neier EU-Baussebeoptragter Kaja Kallas op Kiew fir eng Entrevue mam ukrainesche President gefuer.