Radioen

On air

Notturno  |  James Brown - Get Up Offa That Thing

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Leschten EU-Ausseministerconseil: Gazasträif, Ukrain an dem Orban seng ëmstridde Reesen

Virun der Summerpaus

Leschten EU-Ausseministerconseil: Gazasträif, Ukrain an dem Orban seng ëmstridde Reesen

D‘Ausseminister:inne vun de 27 EU Länner kommen haut fir hire leschte reguläre Conseil virun der Summerpaus zesummen. Um Programm sti weider Diskussiounen iwwert d‘Kricher an der Gazasträif an an der Ukrain, sou de Communiqué vum Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel, deen um Conseil derbäi ass.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Thomas Banneyer
Foto: picture alliance/dpa | Thomas Banneyer

Iwwerdeems wäert och iwwert déi ëmstridde Reese vum ungaresche Premier Viktor Orban a Russland a China beschwat ginn, déi net mat der EU ofgemaach waren. 

D‘EU Länner sinn sech oneens, wéi si dorop solle reagéieren. D‘EU Kommissioun huet e Boykott vun engem informelle Conseil zu Budapest an d‘Diskussioun bruecht. De Xavier Bettel gehéiert zu deenen, déi sech géint sou e Boykott ausgeschwat hunn.