Radioen

On air

Spektrum  |  Rinocerose - Awake Feat. Benjamin Diamond

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng Poste fir d"Patrioten"

Europaparlement

Keng Poste fir d"Patrioten"

Déi nei Fraktioun vun de „Patriote géint Europa“ kéint zwar déi drëtt stäerkste Kraaft am Europaparlament ginn, mee nawell eidel ausgoen, beim Verdeele vun interne Posten. D‘Lëtzebuerger Europadeputéiert sinn alleguerten dofir, ee Cordon sanitaire z’applizéieren. Ausser dem Fernand Kartheiser.

auto_stories

4 min

headphones

5 min

© European Parliament play_arrow
Foto: European Parliament

Am Parlament gouf déi lescht Deeg nodeems sech déi politesch Fraktioune gegrënnt haten, gerechent: Wien huet wéi vill vun de 14 Posten als Vizepresident ze gutt, wiem sti Presidence vun den 20 Kommissiounen an de véier Sous-Kommissiounen zou?

Déi Rechnung baséiert op dem sougenannte D’Hondt-System, deen och zu Lëtzebuerg ugewannt gëtt. Där Method no hätt déi riets-extrem Fraktioun vun de Patriote fir Europa ee Recht op ee Posten als Vizepresident an op d’Leedung vun zwou bis dräi parlamentaresche Kommissiounen.

Cordon sanitaire gëtt applizéiert, soen EVP, Sozialisten, déi Liberal an déi Gréng

Dat muss verhënnert ginn, soen d’Vertrieder:innen aus de grousse pro-europäesche Parteien. Si hu wëlles, ee Cordon sanitaire par rapport zur Extrem Droite z‘applizéieren, datt heescht géint Kandidaten a Kandidatinnen aus där Fraktioun ze stëmmen.

„Mir si ganz kloer fir de Cordon sanitaire an der EVP. Do héiert ee keng aner Stëmm, do si mer ganz strikt.“

Seet d’Isabel Wiseler-Lima, CSV Europadeputéiert a Member vun der gréisster Fraktioun am Europaparlament, där vun der Europäescher Vollekspartei.

D’Fro ass awer fir wie gëllt dann elo genee dee Cordon sanitaire?

„Alleguer déi Parteien, déi Infrequentabler an hire Reien toleréieren, dat sinn zum Beispill Nazien oder Leit, déi sech soss duerch ganz exzessiivt Behuele, wat net mat demokratesche Geflogenheeten iergendeppes um Hutt huet. Déi hunn am Fong op responsabele Posten näischt ze dinn“

Seet dozou den DP-Europadeputéierte Charles Goerens.

„De Cordon sanitaire gëllt fir extrem rechts, et ass do wou mer et setzen“, ergänzt d’Isabel Wiseler-Lima.

Fraktioun vun den „Europäesche Konservativen a Reformer“ fält net integral ënnert de „Cordon sanitaire“

Konkret sinn d’Fraktiounen um riets-extreme Bord gemengt, also déi viru kuerzem nei gegrënnte „Patriote fir Europa“, zu deenen der Marine Le Pen hire Rassemblement National gehéiert genee ewéi dem Viktor Orban seng Fidesz-Partei, de belsche Vlaams Belang oder awer déi éisträichesch FPÖ. 

Och déi nei Fraktioun ronderëm d‘Europadeputéiert vun der däitscher AfD géingen dorënner falen. Net awer en bloc d’Fraktioun vun den Europäesche Konservativen a Reformer, zu deene jo de Fernand Kartheiser, de Lëtzebuerger ADR-Europadeputéierte gehéiert. 

Fernand Kartheiser: Cordon sanitaire ass „terribel ondemokratesch“

Vum Cordon sanitaire hält deen erwaardungsgeméiss näischt. Hien nennt dat Argument, wat ëmmer vum rietse Bord dogéint kënnt, nämlech datt et net demokratesch ass.

"Ech halen absolut guer näischt dovunner, well et ass eng terribel ondemokratesch Haltung, well et ass jo eng selektiv Demokratie: Mir schwätze just mat deenen, déi eis passen, déi eis Meenung hunn. Dobäi handelt et sech jo hei ëm Leit, déi all gewielt sinn, déi all e Mandat vum Vollek kruten. Dat ass also e Manktem u Respekt géintiwwer de Bierger, et ass eng Zensur-Mentalitéit, eng Exklusiouns-Mentalitéit,wéi gesot, eng selektiv Demokratie an dat alles kënnt fir mech net a Fro.

Et muss een d’Wieler an d’Wielerinnen eescht huelen, erkennt iwwerdeems déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz un. Allerdéngs:

„Elo awer Leit op Posten ze setzen, déi Europa vu banne wëlle futti maachen. Dat muss een à tout prix vermeiden.“

Ondemokratesch wier net de Cordon sanitaire, mee déi Parteien, ëm déi et do geet, hält och de Marc Angel - LSAP-Europadeputéierten dogéint. 

Décisiounen iwwert ëmstridden ECR-Kandidate kéinten „au cas par cas“ geholl ginn

Trotzdeem bleift d’Fro, wou dann elo eng kloer Linn gezu gëtt? Fir déi eng sinn der och an der Fraktioun vum Fernand Kartheiser dobäi, déi net eligibel sinn - fir déi aner kéinten och Leit um lénkse Bord dorënner falen. Um Enn wäert nieft dem Cordon sanitaire och missen individuell decidéiert ginn, seet de Marc Angel.

"All déi Posten déi elo verdeelt ginn, musse jo och demokratesch an enger parlamentarescher Kommissioun oder an der Plenière ofgeseent ginn. An do ka jo jiddwereen nach no sengem gudde Gewësse kucken, ween ass déi Persoun, wéi enger Partei gehéiert déi un, wéi huet déi sech geäussert an der Walcampagne. Do muss een au cas par cas kucken, wéi een do ofstëmmt.”

Et schéngt wéi wann un där Extensioun vum Cordon sanitaire nach e bësse gefeilt muss ginn. D’Ofstëmmungen, déi déi nächst Woch wärend där éischter Sessioun vum neien Europaparlament zu Stroossbuerg ufänken, kéinten nach spannend ginn.

Lauschterenplay_arrow

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Aktualitéit
Europa
Politik a Gesellschaft