Radioen

On air

Spektrum  |  Antoine Bourachot - Traveling

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fernand Kartheiser stëmmt géint Ukrain-Resolutioun

EUROPARLAMENT

Fernand Kartheiser stëmmt géint Ukrain-Resolutioun

Eng grouss Majoritéit am neien Europaparlament stellt sech an enger Resolutioun weider hannert d’Ënnerstëtzung vun der EU fir d’Ukrain. Den ADR-Europadeputéierte Fernand Kartheiser ass domat net d’accord, och wann déi meescht aus senger Fraktioun deen Text mat gedroen hunn. 

auto_stories

2 min

D’Majoritéit am Europaparlament huet sech haut weider fir eng aktiv Ënnerstëtzung vun der Ukrain ausgeschwat an an engems dem Viktor Orban seng Visitt beim russesche President Wladimir Putin verurteelt.

D’Ukrain soll sou laang ënnerstëtzt ginn, bis d’Land de Krich gewonnen huet, heescht an enger Resolutioun, déi haut mat 500 Stëmmen ugeholl gouf. Dem Viktor Orban seng Visitt zu Moskau gëtt als “irrelevant” bezeechent, doriwwer eraus géif si géint d’EU-Verträg verstoussen.

“An eisem Grupp huet jiddereen eng grouss Fräiheet”

De Fernand Kartheiser huet géint déi Motioun gestëmmt. De Lëtzebuerger ADR-Europadeputéierten huet sech a senger éischter Interventioun am Parlament fir eng Verhandlungsléisung an eng europäesch Sécherheetsstruktur mat Russland ausgeschwat.

Déi meescht a senger Fraktioun vun den “Europäesche Konservativen a Reformer” hunn den Text par conter matgedroen.

Hie géif sech trotzdeem wuel fillen an där Fraktioun, sot eis den ADR-Politiker nom Vott zu Stroossbuerg.

"An der ECR ass et sou, datt all Partei, all Delegatioun eng ganz grouss Fräiheet huet, eigentlech, hir Positioun festzeleeën. Et sinn eebe ganz vill Saachen, wou mer déi selwecht Positioun vertrieden, an et sinn och ëmmer rëm Saachen, wou d'Positiounen ënnerschiddlech sinn, dat ass d'Ukrain, mee et sinn och aner Dossieren, also dat ass elo näischt Aussergewéinleches."

Fernand Kartheiser

Aktualitéit
Europa
Politik a Gesellschaft