Radioen

On air

Spektrum  |  Rinocerose - Awake Feat. Benjamin Diamond

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jordan Bardella gëtt Chef vun neier EU-Fraktioun mat rietsradikale Gruppéierungen

"Patriots for Europe"

Jordan Bardella gëtt Chef vun neier EU-Fraktioun mat rietsradikale Gruppéierungen

De Chef vum Rassemblement National Jordan Bardella wëll déi nei nationalistesch Fraktioun „Patriots for Europe“ leeden, déi vum ungaresche Ministerpresident Victor Orban initiéiert gouf. Dat hu franséisch an italieenesch EU-Deputéiert matgedeelt.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Artur Widak
Foto: picture alliance / NurPhoto | Artur Widak

Dës nei Fraktioun kéint am Europaparlament déi drëttstäerkste politesch Kraaft ginn, heescht et weider.

D‘Deputéiert hunn dat virun engem Treffen zu Bréissel matgedeelt, bei deem d‘Grënnung vun där neier Fraktioun offiziell confirméiert soll ginn. „Patriots for Europe“ soll eng Rei rietsradikal Gruppéierunge vereenen a kéint viraussiichtlech op iwwer 80 Membere kommen, dorënner 30 aus dem franséische Rassemblement National.