All d’Grenziwwergäng a Weeër misste genotzt ginn, fir et méiglech ze maachen, datt d’Hëllef op der Plaz ukënnt, heescht et am Appell, dee vu 26 Länner a Membere vun der Europäescher Kommissioun ënnerschriwwen ass.
EU-Kommissioun: Et gëtt Fortschrëtter, mee laang net genuch
Et goufe Fortschrëtter gemaach an de leschte Wochen: Et kënnt méi Hëllef an der Gazasträif un, sot en Dënschdeg eng Spriecherin vun der Europäescher Kommissioun. Mee et wier nach wäit vun deem ewech, wat néideg ass.
"Israel imposéiert administrativ Restriktioune géintiwwer vun ONGen an eise Partner. All dat mécht et méi schwiereg, Hëllef eranzebréngen, a mécht d’Situatioun méi komplizéiert."
Och Net-EU-Länner ewéi Kanada an Australien hunn ënnerschriwwen
Déi Restriktioune mussen opgehuewe ginn, esou eng Fuerderung am Appell vun de 26 Länner, zu deenen nieft den 19 EU-Memberstaaten och Australien, Kanada, Japan, d’Schwäiz, Norwegen a Groussbritannie gehéieren.
Israel gëtt opgeruff, keng Waffegewalt anzesetzen. Dat op de Sitten, wou Hëllefsgidder verdeelt ginn. Et misst d’Urgence gehandelt ginn, fir d’Hongersnout ze stoppen.
8 EU-Länner droen den Appell net mat
Net ënnerschriwwen hunn iwwerdeems 8 EU-Memberlänner: Et sinn dat Däitschland, Éisträich, Bulgarien, déi Tschechesch Republik, Ungarn, Polen a Rumänien.
Domat ass och kloer, datt d’EU net prett ass, eventuell Sanktioune géintiwwer Israel ze decidéieren.
D’Kommissioun hat proposéiert, een Deel vum Associatiouns-Accord op Äis ze leeën, dofir awer gouf et bis elo net déi néideg Majoritéit ënner de Memberlänner.
"D’Realitéit ass, datt mir eng Propos gemaach hunn, an datt et un de Memberlänner ass, doriwwer eng Decisioun ze huelen."
Esou d’Äntwert vum Arianna Podesta, der Chefspriecherin vun der Europäescher Kommissioun, déi en Dënschdeg an enger Pressekonferenz gefrot gouf, ob d'Kommissioun ee spezielle Message un d’Memberlänner hätt.
Xavier Bettel: EU ass geläämt
"D’Europäesch Unioun ass den Ament geläämt", hat den Ausseminister Xavier Bettel e Méindeg no der Reunioun vun den EU-Ausseministere gesot.
Eng Rëtsch Länner wieren der Meenung, et misst een den Drock par rapport zu Israel erhéijen. Anerer wieren do komplett anerer Meenung.