Fir Lëtzebuerg huet den Inneminister Léon Gloden mat ënnerschriwwen. Am Schreiwes fuerderen d‘Länner, datt de Sujet vun der fräiwëlleger an der gezwongener Zréckweisung an Afghanistan als „gemeinsam Verantwortung“ op EU-Niveau traitéiert gëtt, an datt weider Mesure fir d‘Expulsioun iwwerpréift ginn – mat Prioritéit op Persounen, déi „eng Gefor fir déi ëffentlech Uerdnung an déi national Sécherheet duerstellen“.
Betount gëtt och, datt zejoert an der EU iwwer 22.800 Afghanen eng Expulsiouns-Decisioun kritt hunn, mee “nëmme” 435 effektiv zeréck an den Afghanistan gaange sinn.
De Bréif soll op d‘Initiativ vun der Belsch zeréckgoen a gouf ënnert anerem nach vun Däitschland, Éisträich, Griicheland, Italien, Zypern, Schweden, Ungarn an Zypern mat ënnerschriwwen.