Bei enger Saach si sech d’EU-Länner eens: D’Situatioun esouwéi se sech an der Gazasträif presentéiert, gëtt allgemeng als net akzeptabel ugesinn.
Doriwwer ob a wat d’EU maache kann oder soll ass ee sech awer net eens.
Kooperatiounsaccord tëschent der EU an Israel
Am Zentrum vun den Diskussioune steet de Kooperatiounsaccord tëschent der EU an Israel. Een EU-Rapport seet, Israel géif géint Grondprinzippien dovu verstoussen, well d’Mënscherechter net agehale ginn.
Genau dobäi gëtt et den Dissens, doriwwer wéi eng Konsequenzen een aus deem Constat zéie soll.
Zwee Länner wëllen den Accord ganz suspendéieren. Dofir bräicht een awer Unanimitéit an dat ass éischter onwarscheinlech.
Da gëtt et Länner, wéi Slowenien, déi Deeler vum Accord wëllen aussetzen.
Et gi Länner, déi hätte gär datt d’EU-Kommissioun Propose mécht fir Mesuren. An da ginn et Länner, déi näischt wëlle maachen, wéi zum Beispill Däitschland oder Éisträich. Si soen et sollt een den Dialog mat Israel weider sichen.
Lëtzebuerger Positioun onkloer
Lëtzebuerg ass net fir eng Suspensioun mee éischter dofir, datt Mesurë solle geholl ginn. Wéi eng Mesuren dat solle sinn, do huet d’Regierung awer keng kloer Virstellungen. Et géif een et der Kommissioun iwwerloosse mat Proposen ze kommen, sot de Premier Luc Frieden um Bord vum EU-Sommet.
Et gëtt Nuancen tëschent den Aussoe vum Premier an dem Ausseminister. De Xavier Bettel hat schrëftlech matgedeelt, datt ee sech konkret Recommandatiounen iwwer méiglech Mesurë géif erwaarden.
De Premier pocht méi op en Dialog. Hien huet duerchblécke gelooss, datt souguer eng Suspensioun méiglecherweis keng direkt Suitten hätt.
Et schéngt een also net richteg determinéiert ze si géint Israel virzegoen.
Näischt Konkretes festgehalen
Et gouf festgehalen, datt de Rapport, deen eng Partie Bréch vun Israel mat de Mënscherechter opzielt, zu Kenntnis geholl gëtt. An et soll mat den Diskussioune virugefuer ginn, andeems een d’Situatioun um Terrain mat berücksichtege géif, esou heescht et am Text.
Déi Formuléierunge kënnen ënnerschiddlech interpretéiert ginn.
De Conseilspresident Antonio Costa sot um Donneschdegowend, datt béid Säiten den Accord misste respektéieren. Hie sot och, datt d’EU-Baussebeoptragten Kaja Kallas déi nächst Schrëtt sollt lancéieren. Dat awer ouni déi ze präziséieren.
D’Kaja Kallas hat d’lescht Woch gesot, Israel sollt elo direkt mat de Resultater vum Rapport konfrontéiert ginn an da géif ee virukucken.
Eng Decisioun iwwert eventuell Mesure ass op déi nächst Sëtzung (Mëtt Juli) vun den Ausseministere vertagt.