arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Von der Leyen: Support fir Israel soll gestoppt ginn

EU-Kommissioun

|
headphones

2 min

Von der Leyen: Support fir Israel soll gestoppt ginn

An hirer Ried zur Lag vun der europäescher Unioun huet d’Kommissiounspresidentin Ursula Von der Leyen annoncéiert de bilaterale Support fir Israel op Äis ze leeën. D’Kommissioun géif all europäesch Payementer stoppen.

headphones

2 min

© European Union
(Foto: European Union)

Dat géif awer net fir d’Zesummenaarbecht mat der israeelescher Zivilgesellschaft oder der Gedenkstätte Yad Vashem gëllen.

"Europa muss kämpfen - fir seng Plaz an der Welt a fir seng Onofhängegkeet", dat sot d’Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen an hirer Ried zur Lag vun der Unioun. 

De Krich an der Ukrain, an deen am Noen Osten waren zwee vun den Haptsujeten - mat virop der Annonce vun der Kommissioun hir Paiementer un Israel ze stoppen, an de Memberlänner ze proposéieren, den Handelsvertrag mat Israel deelweis op Ais ze leeën.

“What is happening in Gaza has shaken the conscience of the world. People killed while begging for food. Mothers holding lifeless babies. These images are simply catastrophic. So I want to start with a very clear message: Man-made famine can never be a weapon of war. For the sake of the children, for the sake of humanity – this must stop.”

D’Kommissioun géif de Memberlänner proposéieren, den Handelsvertrag mat Israel deelweis op Äis ze leeën.

Am Parlament zu Stroossbuerg huet d’Ursula von der Leyen weider eng Dronen-Allianz mat der Ukrain annoncéiert a sech solidaresch mat Pole gewisen, no de Berichter iwwer russesch Dronen am polnesche Loftraum.

D’EU wéilt am Kader vum Krich géint d’Ukrain ee Sommet iwwer d’Schicksal vun den entféierten ukrainesche Kanner organiséieren, esou eng weider Annonce.

D’Kommissiounspresidentin huet och fir méi europäesch Onofhängegkeet plädéiert, virun allem an de Beräicher Defense an Technologie.