arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Länner: Keng Eenegung wat méiglech Sanktioune géint Israel ugeet

Noen Osten

|
headphones

1 min

EU-Länner: Keng Eenegung wat méiglech Sanktioune géint Israel ugeet

D'EU-Länner goufe sech nach net eens iwwer méiglech Sanktioune géint Israel wéinst der humanitärer Lag an der Gazasträif.

headphones

1 min

© picture alliance/dpa | David Young
(Foto: picture alliance/dpa | David Young)

Der Kommissioun hir Propos fir Israel aus dem Kooperatiounsprogramm Horizon Europe temporär auszeschléissen, hätt gëschter um Dënschdeg bei Berodunge vun de permanente Vertrieder vun de Memberstaaten net déi néideg Majoritéit kritt.

Ënner anerem Däitschland an Italien hätten d'Propos ofgeleent. Dat mellt déi däitsche Presseagence dpa mat Verweis op Diplomaten.