Radioen

On air

Moiesstudio  |  Martine Solovieff

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lëtzebuerg huet seng Reduktiounsziler beim Gasverbrauch iwwertraff

Gasverbrauch

Lëtzebuerg huet seng Reduktiounsziler beim Gasverbrauch iwwertraff

De Grand-Duché konnt seng Reduktiounsziler beim Gasverbrauch erreechen a souguer iwwertreffen, deelt de Wirtschaftsministère mat. Am Verglach mat der Referenzperiod 2017-2022 ass de Verbrauch am Mäerz dëst Joer ëm 27,8 Prozent zeréckgaangen.

auto_stories

1 min

Tëscht Abrëll 2023 a Mäerz dëst Joer war et eng Reduzéierung vu 26 Prozent. Dat ass largement méi ewéi déi 15 Prozent u fräiwëlleger Reduktioun, fir déi de Grand-Duché sech engagéiert hat.

D’EU-Memberlänner hu sech am Mäerz op en Neits gëeenegt fir bis Mäerz 2025 de Gasverbrauch ëm weider 15 Prozent erofzedrécken.