Radioen

On air

Notturno  |  Daily Vacation - Circles

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg hält sech weider bedeckt

LIWWERKETTEN-DIREKTIV

Lëtzebuerg hält sech weider bedeckt

Haut stëmmen d’EU-Ambassadeuren nach eng Kéier iwwert déi sou genannte Liwwerketten-Direktiv of. De Premier Luc Frieden huet betount, d’Regierung stéing deem Gesetz net am Wee. Genee dat kéint awer geschéien.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

Luc Frieden | © picture alliance/dpa | Harald Tittel play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Harald Tittel

Et kéint nämlech bei deem Vott op déi Lëtzebuerger Stëmm ukommen.

Op d’mannst 15 Länner déi op d’mannst 65 Prozent vun der EU-Populatioun representéieren, mussen dofir stëmmen.

Luc Frieden: Grondsätzlech sti mir hannert där Direktiv

Et ass déi zweete Kéier, datt déi belsch Présidence probéiert, bei der Liwwerketten-Direktiv zu engem Accord ze kommen. Uganks Februar war net déi néideg Majoritéit zu staane komm, fir déi Direktiv unzehuelen.

Well Däitschland awer dobäi bleift, sech beim Vott ze enthalen, ass et onkloer, ob des Kéier déi néideg Majoritéit zesummekënnt.

Beim Liwwerkettegesetz geet et drëm, datt grouss Entreprisen sech verflichten, am internationalen Handel Mënscherechter an Ëmweltschutz-Standarden ze respektéieren. De Finanzsecteur gouf aus der Direktiv ausgeschloss, Lëtzebuerg hat sech dofir agesat.

“Grondsätzlech si mer fir déi Direktiv, well mer déi Zilsetzung deelen”, sou déi lescht Woch de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden am 100,7-Interview.

D’Regierung hätt den Accord vum Dezember iwwert de Gesetzestext tëschent Parlament, Memberlänner an der Europäescher Kommissioun matgedroen.

ONGen: Just 218 Holdinge betraff

Dono awer wier den Text nach eng Kéier geännert ginn.

“An dofir hunn eng 10, 11 Länner gesot, da musse mer eis deen Text nach Kéier ukucken”.

D’Holdinge wieren op bemol mat an deen Text erageholl ginn, präziséiert de Premier.

Déi Kritik léisst d’Initiative pour un droit de vigilence, där zu Lëtzebuerg 17 Organisatiounen ugehéieren, net gëllen.

Zu Lëtzebuerg wiere mat just 218 an domat ee klénge Prozentsaz vun den Holdingen, vun där neier Direktiv betraff, sou hir Analyse, déi sech op Zuelen aus der Datebank Orbis bezitt.

Lëtzebuerg misst déi Direktiv ënnerstëtzen, sou den Appell vun den ONGen. Eng Abstentioun kéim engem Nee gläich.

Weider onkloer, wéi Lëtzebuerg ofstëmmt

Dem Luc Frieden seng Kritik awer beschränkt sech net just op d’Holdingen. Hie warnt och virun enger grousser administrativer Belaaschtung fir d’Entreprise.

Trotzdeem betount de Premier:

“Mir stinn där Direktiv net am Wee, mir hoffen, datt déi belsch Presidence den Text nach verbessert.”

Wéi Lëtzebuerg ofstëmme wäert, huet de Luc Frieden opgelooss. Et géif dozou näischt Neits ze soen, huet et en Dënschdeg den Owend aus Regierungskreesser geheescht.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europa
Politik a Gesellschaft