Radioen

On air

Notturno  |  BrhyM, Bruce Hornsby & yMusic - Deep Blue

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Konjunkturcomité: Demandë fir Chômage partiel solle méi séier behandelt ginn

Bausecteur

Konjunkturcomité: Demandë fir Chômage partiel solle méi séier behandelt ginn

De Konjunkturcomité war gëschter fir eng aussergewéinlech Reunioun zesumme fir 47 Demandë vu Bauentreprisen ze analyséieren, déi Chômage partiel ugefrot hunn. Den Oflaf soll elo acceleréiert ginn.

auto_stories

1 min

Wéinst der Kris am Bausecteur gouf decidéiert, déi Demandë méi séier ze behandelen. De Konjunkturcomité, presidéiert vum Wirtschaftsminister Lex Delles a vum Aarbechtsminister Georges Mischo, huet 37 vun deene 47 Demandë gutt geheescht. Aacht goufe rejetéiert an zwou sinn nach en attente.

De Konjunkturcomité kënnt e Méindeg rëm zesummen.