Radioen

On air

9 bis 1  |  CVC - Bonnie and Clyde

play_arrow Live
search

/ Koalitioun gëtt schwéier fir Rietspopulist Geert Wilders

No Walvictoire an Holland

Koalitioun gëtt schwéier fir Rietspopulist Geert Wilders

Den hollännesche Rietspopulist Geert Wilders ass op der Sich no enger Regierungskoalitioun, no senger Walvictoire vun e Mëttwoch. Dat dierft schwéier ginn, nodeem gëschter di rietsliberal Regierungspartei VVD vum Mark Rutte, dee bis elo Premier war, eng Ofso a Richtung Wilders geschéckt huet.

auto_stories

1 min

Domat ass et fir hie quasi onméiglech eng stabil riets Majoritéit ze fannen. Hien kéint eng Minoritéitsregierung an d‘A faassen, déi vun der VVD ënnerstëtzt géif ginn.

Déi nei VVD Chefin Dilan Yesilgöz sot, si wier prett eng sougenannte Koalitioun vun de Gewënner méiglech ze maachen, an d‘Regierung wéilten si awer net, well den Wieler hinnen d‘Signal ginn hätt, eng Ronn auszesetzen.