Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Computerlinguistik a KI am Lëtzebuergeschen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Beim Brand zu Mamer ass eng Persoun ëm d'Liewe komm

police deelt mat

Beim Brand zu Mamer ass eng Persoun ëm d'Liewe komm

D'Pompjeeën, déi d'Feier séier ënner Kontroll haten, hunn eng Persoun dout aus dem Gebai gebuergen. Dat deelt d'Police um Mëttwochmoie mat.

auto_stories

1 min

Police | © Alena.K / Bigstock
Police (Foto: Alena.K / Bigstock)

De Parquet huet eng Autopsie ugefrot an et gouf eng Enquête lancéiert, fir déi genee Ursaach vum Feier erauszefannen.

Weider deelt d'Police mat, datt de Chauffeur vum Police-Auto, dee leschten Donneschdeg e Jong vu 12 Joer um Boulevard Royal an der Stad ugestouss hat, net géint de Code de la route verstouss hätt. Dat hätt d'Inspection générale de la Police no éischten Investigatioune festgestallt, esou de Parquet. De Policeauto wier am Asaz wéinst enger Urgence gewiescht an de Jong wier bei rout iwwert d'Strooss gaangen, esou de Parquet. Op et Konsequenze fir de Chauffeur ginn, ass iwwerdeems nach net matgedeelt ginn.