"Eise Planéit schéckt ëmmer méi Stresssignaler". Esou warnt den UN-Generalsekretär Antonio Guterres an engem schrëftleche Statement.
Niewent der rekordhéijer Duerchschnëttstemperatur ginn et nach vill weider Indicateuren, datt de Klimawandel virugeet. Zum Beispill ass d'CO2-Konzentratioun an der Atmosphär um héchsten Niveau zënter 800.000 Joer. D'Mierer erwierme sech rasant, d'Gletscher schmëlzen an de Mieresspigel klëmmt.
Erwiermung vum Mier net méi réckgängeg ze maachen
Verschidde Follge vum Klimawandel, wieren elo schonn net méi réckgängeg ze maachen. Ënner anerem d'Erwärmung vun de Mierer. Déi géif och iwwer dat 21. Joerhonnert eraus undaueren, esouguer wann d'Emissioune miniméiert géife ginn.
An de leschten 20 Joer huet sech d'Vitess vun der Miereserwärmung par Rapport zu der viregter Referenzperiod méi wéi verduebelt. Och d'Versauere vun den Ozeaner wier iwwer déi nächst Joerhonnerte voir Joerdausenden net méi réckgängeg ze maachen.
Ziler aus dem Paräisser Ofkommes trotzdeem ze erreechen
Trotzdeem géif ee Joer, an deem déi 1,5 Grad Grenz iwwerschratt gouf, net heeschen, datt d'Ziler am Paräisser Ofkommes net kënnen erreecht ginn, gëtt am Rapport ënnerstrach.
Et wier als eng staark Warnung ze verstoen, datt d'CO2-Emissioune reduzéiert musse ginn. D'Klamme vun den Temperature kéint nach ëmmer begrenzt ginn, wann d'Staate sech dofir staark maachen, betount den Antonio Guterres. D'1,5-Grad-Grenz vum Paräisser Klimaofkommes bezitt sech op Ofwäichungen an engem Zäitraum vun 20 Joer, par Rapport zu de Joren 1850 bis 1900.
Den Ament läit dëse Wäert, jee no Berechnungsmethod tëschent 1,34 an 1,41 Grad.