D'DP wëllt méi héich Cotisatioune fir d'Pensiounen evitéieren. Fir d'CSV soll dat nëmmen déi allerlescht Optioun sinn, esou den Deputéierten Alex Donnersbach.
"Also ee méi héije Betrag vu Salariéen, Patronat a Staat fir de System ofzesécheren. D'CSV gesäit dës Optioun an der aktueller Situatioun skeptesch, ouni se komplett auszeschléissen."
Der CSV-Fraktioun no sollen all Ännerunge bei enger eventueller Reform, souwuel am Privatsecteur, wéi och fir den ëffentlechen Déngscht, ëmgesat ginn. Doniewent wier et wichteg, d'Reserv vun der Pensiounskeess esou laang wéi méiglech héich ze halen, huet den Alex Donnersbach ënnerstrach.
"De Rendement, deen de Fonds de compensation erwirtschaft, kéint méi aktiv fir de Finanzement vun de Pensiounen agesat ginn, ouni d’Reserv direkt selwer unzepaken."
D'ADR, als eenzeg Partei, schléit ënner anerem eng Erhéijung vun de Cotisatioune vun engem Prozent, verdeelt iwwert 10 Joer, vir.
Propos vun der DP: e staatleche Fong fir Zousazpensiounen
Fir d'Zousazpensiounen, déi sougenannte Pilieren zwee an dräi, huet den DP-Deputéierte Gérard Schockmel um Mëttwochmoien d'Iddi vu jeeweils engem staatleche Fong lancéiert, fir d'Suen doraus unzeleeën.
"Well de Staat fir sech selwer keng Rendit aus dem Fong eraus zitt, kënnt d'Rendit, no Ofrechne vun den administrative Käschten, ganz dem Bierger zu gutt, deen an de staatleche Fong investéiert."
Op Basis vun den neiste Berechnunge vun der Generalinspektioun vun der Sécurité Sociale huet d'CSV-Ministesch Martine Deprez an der Chamber gewarnt, datt schonn d'nächst Joer d'Ausgabe fir d'Pensioune méi héich kéinte sinn, wéi d'Recettë vun der Pensiounskeess.
"Deementsprend krut ech och net méi spéit wéi gëschter, ee Bréif vum Verwaltungsrot vun der CNAP. Si estiméieren deen Defizit fir 2026 op ronn 100 Milliounen a fir 2027 gi si vun engem Lach vu bal 300 Milliounen aus."
Wichtegkeet vum Sozialdialog
Den Ausverkaf vum Solidaritéits-Pensiounssystem kéim fir d'LSAP net a Fro. Dat huet um Mëttwochmoien déi sozialistesch Fraktiounspresidentin betount. D'Taina Bofferding huet weider drop bestanen, datt all Reform vum Pensiounssystem mat de Sozialpartner soll ausgeschafft ginn. Déi wiere jo och am Verwaltungsrot vum Pensiounsfong vertrueden.
Fir den Ament hätt d'Regierung nëmme wéineg mat de Sozialpartner diskutéiert, esou d'Kritik vun der LSAP. Wichteg wier et fir d'Sozialisten, datt een an den éischte Pilier vum Pensiounssystem investéiert, dat heescht datt et bei der Solidaritéit tëscht de Generatioune muss bleiwen. Weider sot d'Taina Bofferding, datt een net a Richtung Privatiséierung geet.
LSAP an déi Lénk: Plafonnement vun de Cotisatiounen ophiewen
Nieft Moossname fir Senioren an der Beschäftegung ze behalen, ginn et och Propose fir d'Recetten ze erhéijen, esou d'LSAP-Fraktiounspresidentin Taina Bofferding.
"Eng Abgab op Roboteraarbecht, KI, kéinte mer eis och virstellen. Jo, et ass Zukunftsmusek, mee mir wëssen awer, wéi d'Aarbechtswelt sech wäert änneren. Mir gesinn, wat fir ee groussen Impakt déi ganz kënschtlech Intelligenz huet a fir eeben net herno dovunner iwwerrannte ginn, ass et wichteg, datt mir eis och lo schonn domadder ausenanersetzen."
Och d'Iddi vun engem Deplafonnement vun de Cotisatiounen kéint an hiren Aen diskutéiert ginn, esou d'Taina Bofferding. An d'Berechnunge vun der IGSS géife weisen, datt dës Mesure e staarken Afloss op d'Recetten hätt.
Och de lénken Deputéierte Marc Baum huet um Mëttwochmëtteg an der Chamber d'Ophiewe vun engem Plaffonenement vun de Cotisatiounen proposéiert. Och op Iwwerstonnen a Stagë soll senger Meenung no cotiséiert ginn.
Den Deputéierte vun der Piratepartei Sven Clement huet sengersäits nei Recettë fir d’Pensiounskeess proposéiert. Zum Beispill eng méi staark Besteierung vun ënnert anerem Tubaksproduiten, Alkohol oder Kerosin.
De ganze Mëttwoch gëtt um Krautmaart iwwer déi laangfristeg Ofsécherung vum Pensiounssystem debattéiert.