Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Frànçois and The Atlas Mountains - Coucou

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Stadion zu Hamm soll bis 2029 fäerdeg sinn

Stater City Breakfast

Stadion zu Hamm soll bis 2029 fäerdeg sinn

Den neie Liichtathletik-Stadion zu Hamm soll a manner véier véier Joer fäerdeg sinn. Dat sot d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer de Moie virun der Press.

auto_stories

1 min

Bigstock | © Bigstock
mbt2095 (Foto: Bigstock)

De Bau vum Stadion ass scho virun aacht Joer decidéiert ginn. Eréischt wann de Stadion zu Hamm fäerdeg ass, kann de Stade Josy Barthel op der Areler Strooss ofgerappt ginn a Plaz maache fir e groussen Immobilieprojet.

D'DP-Buergermeeschtesch huet um Mëttwochmoie gemengt, d'Zil wier et, de Stadion zu Hamm fäerdeg ze hu bis spéitstens d'Fréijoer 2029. 

"Et celui-là nous voulons l’avoir, enfin c’est notre objectif, et nous y travaillons, mais vraiment très activement. Nous voulons l’avoir fini pour fin 2028 au plus tard début 2029. Parce que là il y aura les jeux des petits états."

Da kéint ee bei de Spiller vun de klenge Länner vun den neie Gebailechkeete profitéieren, esou nach d'Lydie Polfer um Mëttwochmoie virun der Press.