Am Summer zejoert hat déi beschte Lëtzebuerger Spillerin Sarah de Nutte d'Federatioun bei den Olympesche Spiller zu Paräis oppe kritiséiert. Dat well si hiren Trainer bei engem Match net duerft dobäi hunn. D'FLTT hat mat engem Blame géint d'Sarah de Nutte reagéiert.
Am 100,7-Interview mécht de Charles Muller kloer, datt hie sech an der Ëffentlechkeet net méi zu deem Konflikt wéilt äusseren. An och d'Sarah de Nutte hätt scho gesot, datt si sech net méi dozou géif äusseren.
"Mir kucken elo no vir. Hatt huet den nächste Mount d'WM zu Doha. An do hoffe mir natierlech, datt hatt, genau wéi eis aner Athleeten, eng exzellent Performance realiséiert."
Am Mee bei der WM zu Doha am Qatar wäert d'Sarah de Nutte net am Dammen-Dubbel mat der Ni Xia Lin untrieden. Den Dammen-Dubbel besteet aus der Ni Xia Lin an dem Luka Mladenovic.
Dee 17. vu 16 Dubbelen, déi sech konnte qualifizéieren
Si hate sech lescht Joer esou just net fir Olympia qualifizéiert, esou de Charles Muller. Zu deem Zäitpunkt war den Dubbel-mix olympesch an den Dammendubbel net. Dat huet sech elo geännert.
No der WM zu Doha géif dann nei bewäert ginn, esou de Charles Muller.
“Ech maachen dat do elo vu guer Näischt ofhängeg. Dat do ass elo en neit Element.”
Och zum aktuelle Landesmeeschter Eric Glod, dee wéinst Differenze mam Verband scho virun zwee Joer aus der Nationalekipp demissionéiert hat, wëllt de Charles Muller näischt soen.
"Eis Missioun bleift déi nämmlecht"
Elo wéilt een sech op d'Potential vum Nowuess konzentréieren, seet deen neien FLTT-President. Iwwerdeems wéilt een d'Statuten aktualiséieren an um Niveau vun der Digitaliséierung moderniséieren.