Déi dräi Organisatioune kritiséieren ënner anerem, datt den Ëmweltminister Serge Wilmes de Projet fir den ëmstriddene Käerjenger Contournement de leschte Freideg scho geneemegt hätt, ouni d’Resultater vun zwou Ëmfroen ofzewaarden, déi an deem Kontext nach solle gemaach ginn.
Wann déi Geneemegung verëffentlecht géing ginn, da kéint de Start vum Projet nëmmen nach verhënnert ginn, wann eng Klo virum Verwaltungsgeriicht géing agereecht ginn, heescht et nach am Communiqué.