arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Just déi Jonk si getraff vun der Verlängerung vun der Cotisatiounszäit, esou déi gréng

No Ukennegungen zur Pensiounsreform

|
reading time

2 min

Just déi Jonk si getraff vun der Verlängerung vun der Cotisatiounszäit, esou déi gréng

déi gréng hunn op een neits d’Regierungspläng a Saache Pensiounsreform kritiséiert: Déi geplangte Verlängerung vun der Cotisatiounszäit géif just déi jonk Leit treffen, huet et um Dënschdegmoien op enger Pressekonferenz vun der Oppositiounspartei geheescht.

reading time

2 min

D’Regierung wéilt weider 15 Joren op Zäit spillen, huet d’Deputéiert Djuna Bernard bedauert.

D’Pläng vun der CSV-DP-Regierung géifen awer nach net ganz “ausgegoren” schéngen, esou d’Deputéiert Sam Tanson. Si géif hoffen, datt op d’Reaktiounen zu den Ukënnegungen aus der Ried zur Lag vun der Natioun gelauschtert gëtt, och op d’Reaktioune vun de Jugendparteien. Aus rezenten Erfarungen, zum Beispill wat de Sozialdialog ugeet, wier si sech awer net sécher, ob dat wieklech geschitt. 

Iwwerdeems géif keng vun de Jugendparteien dës Propose gëtt gutt fannen, betount d'Sam Tanson weider. Dovu wier een irritéiert: 

Et ass déi ganz Zäit gesot ginn, hei geet et ëm d'Generatiounegerechtegkeet, mir kënnen net elo esou weiderfuere mat de Pensiounen, soss kréien déi Jonk vun haut keng Pensioun méi. An duerfir wier dann och op déi Jonk gelauschtert ginn, duerfir wieren déi Jonk mat agebonne ginn. A wat kënnt herno dobäi eraus? Eng Reform, déi just op Käschte vun deene Jonke geet."

Si géif och hoffen, datt d’Ukënnegunge virun enger Woch "einfach eng Improvisatioun vum Premier" gewiescht wieren, an datt de Luc Frieden "nach e bëssen alenkt", esou d’Sam Tanson.

Net nëmme manner Suen, mee och méi laang schaffen 

Schonn duerch d’Effekter vun der Reform aus dem Joer 2012 géifen d’Leit manner Pensioun kréien, erkläert d'Deputéiert Djuna Bernard. 

"Mat den zousätzlechen Ukënnegunge vun der leschter Woch, also der Reform vun 2025/2026 wäert déi Persoun, déi haut am Ufank vun hirem Beruffsliewen ass, net nëmmen duerch d’Pensiounsreform vun 2012 manner Suen eraus kréien, mee si wäert och nach bis zu fënnef Joer méi laang schaffe musse goen."

Hoffnung op méi Kloerheet 

Méi Kloerheet erwaarden déi gréng sech muer vun der zoustänneger Ministerin Martine Deprez, déi an der Chamber an op engem Point presse déi grouss Orientatioune fir déi geplangten Ofsécherung vum Pensiounssystem wäert presentéieren, grad wéi de Kalenner fir d’Finalisatioun vun de Mesuren.