Konkreet fuerderen d‘Jonk Demokraten ënner anerem eng Erhéijung vun de Cotisatiounen ëm 1 Prozent. Dat géif et erlaben, de Rentesystem ëm weider 6 Joren am Equiliber ze halen.
Eng Erhéijung vun 0,5 Prozent, wéi se den Ament diskutéiert géif ginn, géif just eng kuerz Otempaus vun dräi Joer bréngen, esou d‘Jonk Demokraten.
D’Jonk Demokrate géifen eng Pensiounsreform fuerderen, déi net nëmmen op déi nächst Walen ausgeriicht wier, mee déi d'Interesse vun den zukünftege Generatiounen eescht misst huelen, esou nach d'JDL an hirem Communiqué.