Radioen

On air

Notturno  |  Skibi & Maddy - Dudetendenzen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Brand a seng Konsequenzen

Gemeng Jonglënster

E Brand a seng Konsequenzen

Vu bausse gesäit et bal harmlos aus, ma de Brand hätt awer seng Konsequenzen, betount de Jonglënster Buergermeeschter. Virun zéng Deeg huet do d'Gemengenhaus gebrannt. De Ben Ries weist sech awer optimistesch, datt d'Gemengenhaus an 2-3 Joer rëm benotzt ka ginn. E gudden Deel vun der Gemeng, also och d'Scheier an dat aalt Bauerenhaus, konnte virum Brand geschützt ginn.

auto_stories

3 min

headphones

21 min

play_arrow
Foto: Maurice Molitor

Tëschent 100 an 150 Pompjeeën hu wärend 36 Stonne, d'Feier am Gemengenhaus zu Jonglënster geläscht. Wou d'Pompjeeën op der Plaz ukomm sinn, war et schonn e Groussbrand. Do wier et dann als éischt drëms gaangen, de Recht vum Haus ze schützen.

D'Schwieregkeet hätt dora geleeën, an d'Tëscheraim vum ale Bauerenhaus ze kommen, erkläert de Paul Wirtz, Chef vun der Zone de Secours Est. D'Brandursaach ass nach net gewosst. 

Groussen Deel kann erhale ginn

Dem Jonglënster Buergermeeschter, Ben Ries, wier et wichteg, datt d'Sanéierungen net schleefe gelooss ginn. Et muss och net alles ofgerappt ginn. Déi nei Extensioun, déi viregt Mauer vum ale Stall an d'Bauerenhaus kënnen am Fong stoe bleiwen. Just den Daach muss erneiert ginn, erkläert de Buergermeeschter. 

Hie rechent, optimistesch, mat 2 bis 3 Joer fir d'Kärsanéierung. Provisoresch wier d'Gemengepersonal an dat fréiert Gemengenhaus geplënnert. Dat soll awer keng dauerhaft Tëscheléisung sinn.

Enn Abrëll wäerten d'Servicer a Bürosgebaier plënneren, déi grad gebaut ginn. All d'Servicer vun der Gemeng sinn och rëm disponibel. Trotzdeem sinn d'Bierger gebieden, sou vill wéi méiglech op déi digital Offeren zeréckzegräifen.

Keng wichteg Dokumenter verluer gaangen

Bei de Sanéierunge misst ee sech iwwerleeë verschidde Saachen anescht ze gestalten. Wéi zum Beispill eng besser Plaz fir d'Archiven, déi waren nämlech am Dach, deen ofgebrannt ass.

Wichteg Dokumenter an Dossieren, déi deelweis bis an 19. Joerhonnert zeréck ginn, konnten awer aus den Archiven am Dach gerett ginn. Et wier näischt Wichteges verluer gaangen, verséchert de Ben Ries.

Aus dem Archiv ënnert dem Dach konnten all déi wichteg Dossieren an Dokumenter gerett ginn | © Maurice Molitor
Aus dem Archiv ënnert dem Dach konnten all déi wichteg Dossieren an Dokumenter gerett ginn (Foto: Maurice Molitor)

 

 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Interview