Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wiederwarnungen: D’Krittäre sinn am Gaang iwwerschafft ze ginn

Meteolux

Wiederwarnungen: D’Krittäre sinn am Gaang iwwerschafft ze ginn

De Wiederdéngscht Meteolux ass am Gaange seng Krittäre fir Hëtztwarnungen ze iwwerschaffen. Den Ament géif et eleng vun der Temperatur ofhänken, ob esou eng Warnung ausgeschwat gëtt, oder net, seet de Luca Mathias vu Meteolux. An Zukunft sollen och aner Facteure consideréiert ginn.

auto_stories

2 min

headphones

13 min

© Morgane Weidig play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Dorënner d‘Sonnestralung, d’Loftfiichtegkeet an de Wand. Dowéinst muss een elo awer net onbedéngt mat méi Wiederwarnunge rechnen, betount de Luca Mathias. Dat hätten Analyse mam neie Parameter scho gewisen.

Méiglecherweis manner Warnungen?

A verschiddene Situatioune kéint ee souguer bësse manner warnen, wéi bis elo. Wann zum Beispill just d‘Temperatur héich ass, mee d‘Loftfiichtegkeet net, da géif de Parameter net uschloen.

Dat ass dann zum Beispill e Fall, wou mer fréier eng giel Warnung verschéckt hätten, mee mam neie Parameter da guer net méi warnen.”

Déi nei Parametere géife sech och méi drop konzentréieren, wéi d‘Temperatur empfonnt gëtt. Dofir géif een och mat der Santé zesummeschaffen, erkläert de Meteorolog.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Interview