Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Verbaliséiert Är Ängscht, fir datt mer Iech déi kënnen huelen"

Tom Hecker iwwer Haasscommentairen

"Verbaliséiert Är Ängscht, fir datt mer Iech déi kënnen huelen"

Hien hätt selwer keng Erklärung dofir, firwat verschidde Leit esou e grousse Problem mat der LGTBQIA+ -Thematik hunn. Dat seet den Tom Hecker, dee mat senger Figur Tatta Tom duerch Schoulen a Bibliothéiken zitt, fir mat Kanner a Jugendlechen iwwer d’Thema Diversitéit an der Gesellschaft ze schwätzen an dofir ze sensibiliséieren.

auto_stories

2 min

Foto: Chris Zeien

Huet d’Ofleenung eppes mat Angscht ze dinn? Da wier hie frou déi Angscht beschriwwen ze kréien, sou den Tom Hecker am 100,7-Interview. Mee nach hätt hie keng esou eng Erklärung héieren, oder an de sëllegen, dacks negativen an haass-erfëllte Messagen op de soziale Reseau gelies.

Hie géif alleguer d‘Messagë liesen an der Hoffnung eppes Konstruktives ze fannen, wouduerch hie säi Message kéint verbesseren, bis elo ouni Efolleg, wéi hie seet.

"Dofir effektiv mäin Appell: verbaliséiert wannechgelift Är Ängscht, fir datt mer Iech déi kënnen huelen, datt mer dat kënnen erklären."

Déi vill negativ Messagë géifen hien iwwerdeems och perséinlech blesséieren, sou den Tom Hecker.

"Gottseidank weess ech, datt et net d'Majoritéit ass, an datt et eeben och warscheinlech vill vun Angscht oder och Onkenntnis hir kënnt, well ee sech net mam Theema beschäftegt."

D‘Schoul soll op eng villfälteg Gesellschaft virbereeden

Op d’Fro, firwat et d’Roll vun der Schoul ass dee Sujet ze thematiséieren, äntwert den Tom Hecker.

"D'Schoul ass generell eng Statioun, déi op d'Liewen an d'Gesellschaft soll preparéieren. An d'Gesellschaft ass nun eemol vilfälteg."

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Interview