Radioen

On air

De Moien  |  INXS - Need You Tonight

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Michelle Cloos ass optimistesch Léisunge fir de Quotidien ze fannen

Zeitung a Laberenten

D'Michelle Cloos ass optimistesch Léisunge fir de Quotidien ze fannen

Et si schwéier Zäite fir Printmedien am Allgemengen. A ganz besonnesch schwéier si se fir de Quotidien. Dat huet mat der Reform vun der Pressehëllef vun 2021 ze dinn, bei där et ee Verléierer gouf; eben déi franséischsproocheg Zeitung.

auto_stories

2 min

Foto: Chris Zeien

Et wier de feste Wëlle vun Editpress, de Quotidien net falen ze loossen. An dee Wëlle géif och vum Co-Aktionnär EBRA – dem Grupp hannert dem Républicain Lorrain - gedeelt ginn. Dat sot d’Editpress-Generaldirekterin Michelle Cloos. Si wier zouversiichtlech, datt Léisunge fonnt ginn. Ouni déi Léisunge kéint déi franséischsproocheg Dageszeitung spéitstens an 2 Joer an d'Laberente geroden.

Iwwergangsregimm mat Tücken

Extra fir de Quotidien war 2021 nämlech en Iwwergangsregimm geschaaft ginn, deen awer an zwee Joer ausleeft. A wa bis dohi keng Léisunge fonnt ginn, kéint et ganz enk ginn. Dee Regimm wier vun Ufank un net ideal gewiescht, seet d‘Michelle Cloos.

"Souwuel well en net indexéiert war, wéi och well als Referenzjoer d’Joer 2019 geholl gouf, dat net immens gutt war. Et wier wierklech méi interessant gewiescht, et hätt een einfach eng Moyenne vun deene leschte Jore geholl, dat wier och méi realitéits-getrei gewiescht."

Le Quotidien soll als Printzeitung bestoe bleiwen

Wier et da keng Iddi aus dem Quotidien e rengen Onlinemedium ze maachen, wann e sech als Printprodukt finanziell net méi dréit? Dat ass fir d’Generaldirektesch vun Editpress Michelle Cloos keng Optioun, wéinst e puer Facteuren.

En Online-Medium géif een net mat där selwechter Unzuel vu Personal maachen, wéi eng Printzeitung. Et wier och "eppes ganz anescht" eng Printzeitung ze liesen, wéi den Online.

"Et liest ee se och op eng aner Aart a Weis. Et ass méi en déifgräifend Liesen. Et ass och eng Berichterstattung, déi vill méi breet opgestallt ass, wou zum Beispill och dat Lokaalt eng wichteg Roll spillt, wat oft am Online verluer geet."

Et géif awer och konkret finanziell Grënn gi fir eng Zeitung op Pabeier ze maachen. D'Lieser an d'Annonceure wieren nämlech éischter bereet fir eng geschriwwen Zeitung ze bezuelen, wéi fir en Onlineprodukt.

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Interview