Radioen

On air

Notturno  |  Matt Dawson - The Cliffs Of Lone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Italie weist Migranten a Richtung Albanien of

Migratiounspolitik

Italie weist Migranten a Richtung Albanien of

Italien huet mat der Expulsioun vu Migranten, déi iwwer d‘Mëttelmier komm sinn, a Richtung Albanien ugefaangen. Eng éischt Grupp vu 16 Männer aus Ägypten an aus dem Bangladesch soll elo an Albanien ukommen. Do sollen hir Asyldemanden a speziellen Opname-Zentre kontrolléiert ginn. 

auto_stories

1 min

Zejoert haten Italien an Albanien een Ofkommes ënnerschriwwen, deen d‘Iwwerpréiwe vun Asyldemanden ausserhalb vun der EU erméiglecht. Fraen, Kanner a vulnerabel Persounen si vun dëser Mesure ausgeschloss.