Radioen

On air

9 bis 1  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 100 Deeg Keir Starmer: Déi grouss Revolutioun bleift (nach) aus

Groussbritannien

100 Deeg Keir Starmer: Déi grouss Revolutioun bleift (nach) aus

De Weekend ginn et 100 Deeg, datt Groussbritannien eng nei Regierung huet. Dat ënnert dem Labour Premier Keir Starmer. Dee war mam Virsaz ugetrueden, alles anescht a besser ze maachen, wéi seng Virgänger. Net just politesch, mee och deontologesch. Geléngt et dem neie Premier?

auto_stories

3 min

headphones

5 min

Keir Starmer | © picture alliance / Photoshot play_arrow
100 Deeg am Amt: De Keir Starmer. (Foto: picture alliance / Photoshot )

Claire Barthelemy (London)

Schonn an den éischten dräi Méint huet sech gewisen, datt och d'Sozialdemokraten den Uspréch u sech selwer net ganz gerecht ginn.

Éischt Skandaler fir déi nei Regierung

Ugaangen ass et, wéi am September erauskomm ass, datt de Kier Starmer an de leschte Joren deier Kaddoen ugeholl hat. Et goung do ëm Tickete fir Taylor Swift Concerten a Fussballsmatcher, mee och ëm Designerkleeder a Brëller. Hien hat déi Saachen och all deklaréiert. Dat war also alles legal. Mee et gëtt him virgeworf, datt hien duerch dës Kaddoen Interessekonflikter riskéiert.

Vill Leit waren doropshi rosen, well d'Regierung virdrun eng Heizkäschteprimm fir eeler Leit gestrach hat, mam Argument, datt d'Staatskeesen eidel wieren. No den Noriichte vum Starmer senge Kaddoen koum och nach raus, datt dem Premier seng Chef de cabinet Sue Grey méi verdéngt, wéi hie selwer: Ëmgerechent 202.000 Euro am Joer. Dat sinn der e puer Dausend méi, wéi de Premier.

Dat weist och, datt och an der Regierung, an och hannert hire Kulissen, fatzeg gestridde gëtt. An déi Affäre kommen eraus, wärend Leit mat deiere Liewenskäschten ze kämpfen hunn. Sie fäerten, datt nach méi Spuermoossnamen um Enn vum Mount dobäi kommen, wann d'Regierung de Staatsbudget annoncéiert.

Labour: Ëmfrowäerter ginn nees erof

D'Boulevardpress wéi d'Daily Mail an The Sun haten déi Skandaler wochelaang op hiren Titelsäiten. An dat huet natierlech Auswierkungen. Engem rezente Sondage no géinge Labour just nach 29 Prozent vun de Stëmme kréien. Dat wier just 1 Prozent méi, wéi déi konservativ Partei. An de Wale war et awer en Ënnerscheed vun 10 Prozent.

Déi Affären haten also Auswierkungen op den Image vun der Regierung. Dobäi kënnt och, datt d'Leit grouss Erwaardungen haten no all deene Skandaler vun der konservativer Regierung. Do gouf et zum Beispill de Partygate, wou de Premier Boris Johnson am Lockdown mat Aarbechtskolleege gefeiert huet. Oder och de Minibudget vun der Premier Liz Trust, dee quasi eng Finanzkris ausgeléist hat.

De Keir Starmer hat seng ganz Walcampagne dorop baséiert, nee Fairness a Korrektheet op Westminster ze bréngen. Duerfir ass et eeben net iwwerraschend, datt de Leit esou enttäuscht sinn. Op jidde Fall féieren déi Affären dozou, datt de politesche Bilan vun deenen éischten 100 Deeg an den Hannergrond réckelt.

Ex-Kommunikatiounschef vun TikTok soll elo hëllefen

D'Regierung huet vill versprach, mee et ass eigentlech nach net vill geschitt. De Kier Starmer sot zum Guardian, datt de Staat wéi een Haus wier, dat misst renovéiert misst ginn, an net just ugestrach ginn. Fir d'Wirtschaft erëm unzekuerbelen, missten als éischt emol schwéier Decisioune getraff ginn. Versprach huet Labour ënner anerem wirtschaftleche Wuesstem, vill nei Wunnengen, an eng Besserung vum staatleche Gesondheetssystem.

Dat sinn alles Saachen, déi natierlech an den éischten 100 Deeg schwéier ze realiséiere sinn. Eppes, wat Leit awer elo opmontere soll, ass d'Propos fir nei Rechter fir Aarbechter. Sou solle Salariéë méi Kënnegungsschutz kréien an och vum éischten Dag un de Krankeschäi bezuelt ginn.

Och jidderee soll d'Recht op flexibel Aarbecht kréien, souwäit dat méiglech ass. Mee och déi Proposë kéinten nach ronn zwee Joer brauchen, ier se agefouert ginn. Séier Resultater sinn also net ze erwaarden.

Labour widderhëlt och gären, datt si Chaos an eidel Staatskeese geierft hunn. Mee dat geet net méi laang duer als Excuse, well d'Wieler wëlle Resultater gesinn an net just ëmmer un d'Feeler vun der konservativer Regierung erënnert ginn. Fir ze verhënneren, datt d'Stëmmung nach méi kippt, wëll d'Regierung elo un hirer Kommunikatioun schaffen. De Keir Starmer huet de Kommunikatiounschef vun der App TikTok rekrutéiert, déi mat enger neier Ekipp ee Kommunikatiounsteam opstelle soll. 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europa
International