TikTok steet am Verdacht, auslännesch Aflëss, ënner anerem vu Moskau, net genuch bekämpft ze hunn. Konkret wëll Bréissel d‘Algorithme vun TikTok iwwerpréiwe loossen.
Ausserdeem steet och am Fokus, wéi TikTok mat politescher Publicitéit a bezuelte politeschen Inhalter ëmgeet. Fir de konkreete Fall vu Rumänie besteet de Verdacht, datt de rietsextreme Kandidat, deen den éischten Tour vun de Wale gewonnen hat, soll vun enger Campagne profitéiert hunn, déi vu Moskau aus orchestréiert gi wier.