Et gi verschidde Forme vum Enkeltrick, mee deen heite kriminelle Reseau huet meeschtens aus Polen eeler Mënschen ugeruff, sech als hiren Enkel oder hir Enkelin ausginn, an um Telefon behaapt, si hätten een Accident mam Auto verursaacht. Just eng direkt Bezuelung vun enger héijer Kautioun géif verhënneren, datt si an de Prisong kommen.
Dowéinst hunn iwwer 1.000 Beamten aus verschiddene Länner, dorënner och Lëtzebuerg, vum 25. November bis elo de 6. Dezember ermëttelt: Ee Schued vu bal 4,8 Milliounen Euro wier duerch den Asaz verhënnert ginn. Zu Berlin sinn an dem Zäitraum 20 Mënsche festgeholl ginn, deelt d’Police vu Berlin mat.
Zu Warschau da sinn 3 där Callcenteren opgeflunn. Zwee dovu waren an enger privater Wunneng, een an engem Hotelzëmmer. Hei goufe 6 Mënsche festgeholl.