Radioen

On air

9 bis 1  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Als Reaktioun op Rakéiteliwwerung; EU decidéiert Sanktioune géint Iran

EU-Ausseminister:innen Treffen

Als Reaktioun op Rakéiteliwwerung; EU decidéiert Sanktioune géint Iran

D‘EU-Ausseminister:innen hunn um Méindegmoie bei hirem Treffen um Kierchbierg nei Sanktioune géint den Iran decidéiert. Domat reagéiert d‘EU op Rakéiteliwwerunge vum Iran a Russland.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© European Union play_arrow
Foto: European Union

D‘EU gesäit et als erwisen hunn, dass den Iran ballistesch Rakéiten u Russland geliwwert huet, trotz de Warnunge vu Bréissel, London a Washington.

D’EU hätt dem Iran am Virfeld e puer mol mat Sanktioune gedreet, wann d’Land ballistesch Rakéite géing u Russland weiderginn. Déi Europäesch Unioun geet nämlech genee ewéi d’USA a Groussbritannien dovunner aus, datt déi geliwwert Waffen u Russland am Krich géint d’Ukrain agesat ginn. Déi iranesch Rakéite géinge Russland et erméigleche méi präzis géint déi ukrainesch Arméi virzegoen.

Entreprisen, Institutiounen a Persounen, déi un der Produktioun a Liwwerunge vun dëse Waffe bedeelegt sinn, solle sanktionéiert ginn, schreift déi däitsch Noriichtenagence DPA. Den Iran selwer streit weiderhin of Rakéiten u Russland ze liwweren. Dem iraneschen Ausseminister no, wieren déi geplangte Sanktioune just ee Virwand vun der EU fir méi Drock op den Iran auszeüben. Den EU-Aussebeoptraagte Joseph Borrell sot virum Treffe vun den EU-Ausseministeren um Kierchbierg, d’Ukrain dierft net weider vu Russland zerstéiert ginn. Den Däiwelskrees vun der Zerstéierung an dem Neesopbau misst duerchbrach ginn.

Et ass iwwregens fir d‘éischte Kéier zanter dem Brexit, datt de britteschen Ausseminister David Lammy bei engem EU-Ausseministertreffen dobäi ass.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europa
International
Noen Osten
Politik a Gesellschaft